Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Hëllef »   Handbuch »   Transferen 

Transferen

Op dem Transfermaart keefs de nei Spiller a versichs, fir déi Spiller ze verkafen, déi s de net méi wëlls behalen. Du kanns awer nëmmen e Maximum vu 50 Spiller gläichzäiteg hunn. Op der "Offeren"-Säit kriss de eng Iwwersiicht iwwer déi Spiller, déi s de entweder amgaang bass ze verkafen oder op déi s de eng Offer gemaach hues. Du kriss och all déi aktuell Transferen vu Spiller gewisen, déi der mol gehéiert hunn, an déi der doduerch Sue bréngen.

E Spiller verkafen

Fir e Spiller ze verkafen, muss de en op d'Transferlëscht setzen. Dat kanns de op der perséinlecher Säit vun deem Spiller maachen. Du wiels de Mindestpräis, deen s de fir hie verlaangs an da land hien um Transfermaart. Den Transfervergläich hëlleft der, fir eng Iddi iwwert de Wäert vum Spiller ze kréien, an du solls ëmmer e realistesche Präis fir e Spiller verlaangen. De Spiller muss och op d'mannst ee Spill fir däi Veräi gemaach hunn, fir datt e kann op den Transfermaart gesat ginn, an du kanns däi Spiller net méi oft op den Transfermaart setzen, wéi e Mätscher fir deng Équipe gespillt huet. Dës Restriktioun zielt net fir Spiller, déi aus denger Jugend kommen, an och net fir Spiller, déi am Veräi waren, wéi s de Manager vum Veräi goufs. De Spiller wäert dräi Deeg um Transfermaart stoen a geet da bei dee Veräin, deen déi héchsten Offer gemaach huet, virausgesat et gouf iwwerhaapt eng Offer op de Spiller. E Spiller, dee verkaf ginn ass, verschwënnt direkt no der Versteigerung bei säin neie Veräin, et sief ee vun den zwee Veräiner, déi vum Transfer betraff sinn, géif e Match spillen. An deem Fall wiesselt de Spiller direkt nom Match. Wa keen de Spiller kafe wëllt, bleift hien an dengem Veräin. Wann s de e Spiller iertemlecherweis verkaaf hues, kanns de den Transfer annuléieren. Dëst ass méiglech an den éischten 10 Minutten no der Oplëschtung vum Spiller, soulaang et keng Offere goufen. Deng Oplëschtungskäschte ginn net rembourséiert. No dësem Zaitraum, hues de ëmmer nach d'Méiglechkeet, fir selwer op de Spiller ze bidden.

E Spiller kafen

Fir e Spiller ze kafen, visitéiers de de Maart fir d'Spiller, den Transfermaart, am Menü "Mäi Veräin", iwwer de Menü "HT-Welt" oder iwwer d'Ikon fir den Transfermaart am Eck uewe riets. Du sichs déi Zort Spiller, déi s de wëlls, a fir eng Offer ze maache geess de op d'Spillersäit mat engem Klick op säin Numm. Du muss déi aktuell Offer entweder ëm 1 000 US$ oder ëm 2% erhéijen, jee nodeems wéi eng vun deenen zwou Zuele méi grouss ass. Wann et deen Ament keng Offer op dee Spiller gëtt, kann s de de Mindestpräis offréieren, soulaang dee bei 1 000 US$ oder méi läit. D'Zomm vun dengen Offeren an de Payë vun de Spiller (du bezils déi éischt Paye vun engem Spiller direkt nodeems de e kaf hues), op déi deng Offere leien, kann dech net méi wéi 200 000 US$ an d'Scholde rappen.

Du kanns bis zum Enn vun der Deadline eng Offer fir e Spiller maachen. Wann een eng Offer manner wéi dräi Minutte virum Enn vun der Deadline mécht, gëtt d'Deadline sou verlängert, datt nach dräi Minutte bleiwen, no deem Ament, op deem d'Offer gemaach ginn ass.

D'Informatiounen iwwer engem Spiller seng Fäegkeeten, seng Perséinlechkeet, asw. sinn eng grouss Hëllef, wanns de Spiller keefs. Du kanns och den "Transfervergläich" benotzen, fir ze gesinn, fir wéivill en ähnleche Spiller kierzlech um Transfermaart verkaf gouf.

Automatesch Offeren

Automatesch Offere fonctionnéiere selwecht wéi normal Offeren. Wanns de eng maximal Offer setzs, wäert d'System ëmmer fir dech bidde wann et noutwenneg ass, an dat mam klengste méigleche Betrag (2%, [Suen] minimum).

Du kenns deng maximal Offer ëmmer änneren (entweder méi héich oder méi déif setzen), mee du kenns natierlech net deng aktuell (héchsten) Offer änneren. Deng maximal Offer gesäis nëmmen du, aner Benotzer gesi nëmmen déi aktuell Offer.

Du kenns nëmmen eng maximal Offer gläichzäiteg hunn. Wann deng maximal Offer erreecht ass, zielt se net méi als automatesch Offer an du kenns eng aner maximal Offer setze wanns de wëlls.

Fir speziell Fäll (wann zwou Ekippen déi selwecht automatesch Offer maachen oder wann zwee automatesch Bidderen géintenee bidden) hu mer eng Logik opgebaut, hei si puer Beispiller déi hëllefen ze erklären.

De Spilleragent, den Heemechtsveräin an d'Taxen op d'Transferen

E Spiller op d'Transferlëscht ze setzen kascht 1 000 US$. Soubal den Transfer feststeet, kréien dem Spiller säin Agent, säin Heemechtsveräin an de leschte Club hiren Deel vum Verkafspräis. Op der Säit vum Spiller gesäis de, wéivills de fir dech behale kanns, wanns de de Spiller verkeefs. Hei sinn d'Grondlage fir d'Berechnung:

Wéivill de Spilleragent verlaangt, hänkt dovun of, wéi laang de Spiller an denger Ekipp war.

Den Heemechtsveräin kritt ëmmer 2% vum Verkafspräis. Wann däi Veräin den Heemechtsveräin ass, kriss de all Kéiers, wou de Spiller verkaf gëtt, déi 2%. Bedenk wgl. dass de weder bezuels, nach Sue kriss wann en Heemechtsspiller fir d'éischte Kéier verkaaf gëtt.

De leschte Club kritt ëmmer 3% vum Verkafspräis. Ass däi Veräin de leschte Club, hänkt d'Zomm, déi s de kriss, dovun of, wéivill Matcher de Spiller fir däi Veräi gespillt huet.

Kuck dës Tabelle fir méi Informatiounen ze kréien.

Verkeefs de e Jugendspiller, gëtt däi Veräin net als leschte Club betruecht. Mä déi nächst Kéier wou e verkaf gëtt, gëss de als leschte Club considéréiert, wann en op d'mannst ee Match fir deng Profisekipp gespillt huet.

Den Transfererléis geet an d'Reserve vum Kommitee

Bei verschidde Spiller Transferte kann de Kommitee entscheeden en Deel vum Erléis direkt an d'Reserven ze setzen, fir datt dës Suen dem Club zu engem spéideren Zäitpunkt zur Verfügung stinn.

Allerdéngs geschitt dëst nëmme bei bestëmmte Spiller. Fir déi meescht Manager wäert et e ganz raart Evenement sinn.

De Virstand wäert dir matdeelen ob dëst geschitt, wann de Spiller um Transfermaart opgelëscht ginn ass. Wann dat de Fall ass, kriss du och den Deel vum Transfert-Erléis ugewisen, deen an deng Reserve géif kommen.

De Kommitee wäert dat nëmme maachen, wann e mengt, datt d'Iwwerweisung aus spekulativen Grënn oder aus enger gewësser Wäerterhaltung geschitt ass. D'Begrënnung ass dann dass de Spiller net aus Kompetitivitéitsgrënn ersat muss ginn. (Historesch sinn esou Spiller "Goldbarre" Spiller vun der Gemeinschaft genannt ginn, well se net iwwer Zäit u Wäert verluer hunn, obwuel se net benotzt an/oder trainéiert goufen).

Aktuell betruecht de Kommitee nëmme Suen aus dem Transfer vu Golkeeper (mat gudder oder méi héijer Golkeeper Fäegkeet) oder zukünftegen Traineren (gutt Féirungsqualitéit plus op mannst duerchschnëttlech Erfarung).

Den Undeel vum Verkaafserléis deen un d'Reserve geet, hänkt dovun of wéivill Matcher de Spiller viru kuerzem fir deng Ekipp gespillt huet.

D'allgemeng Reegel ass, dass fir regulär Stammspiller, all d'Suen disponibel bleiwen an näischt an d'Reserve geet. Spiller déi 60 Minutten oder méi an op mannst ee Match wärend enger Trainingswoch spillen, ginn als regulär Stammspiller ugesinn.

Ausfäll wéinst Verletzunge ginn ignoréiert. Wann awer gesond Spiller net reegelméisseg agesat ginn, gëtt ëmmer méi vum Transfererléis an d'Reserve gesat.

Zum Beispill: E Spiller deen d'"Gold Bar" Critèren erfëllt huet, gëtt an all Championatsmatcher an enger Saison agesat. De Kommitee intervenéiert net beim spéidere Verkaf vum Spiller. De ganzen Transfer Erléis (no Ofzuch vun den Transfertkäschten) bleift dem Club fräi zur Verfügung. Wann de Spiller awer net verkaaf gëtt an dann op d'Bänk gesat gëtt, ginn 12% vum Transfert Erléis no zwou Wochen an d'Reserven. No véier Wochen ouni genuch Spillzäit klëmmt den Undeel op 24%. Wann de Spiller dann erëm genuch Spillzäit kritt, da si 6 Woche laang Asätz an der Liga oder der Coupe néideg fir de ganzen Transfer Erléis nees ze kréien.

Als Fauschtregel: dräi Woche Spillzäit an der Liga oder der Coupe kompenséieren zwou Wochen Inaktivitéit. Wann d'Asätz nëmmen a Frëndschaftsmatcher stattfannen, verduebelt sech d'Regeneratiounszäit. Fir Spiller aus der eegener Jugend gëlt folgendes: Sue ginn ni an d'Reserven, egal wéi d'Fäegkeeten an d'Spillzäite vum Spiller strukturéiert sinn. Spiller, déi an de leschten zwou Wochen an deng Ekipp komm sinn an net genuch Spillzäit gesammelt hunn, sinn och vun der Regel ausgeschloss.

Transfere kënnen en Afloss op d'Ekippestëmmung hunn

All Kéiers, wous de Spiller verkeefs oder keefs, riskéiers de, datt d'Ekippestëmmung fält. De Risque geet erop, wanns de e fäine Spiller verkeefs a wanns de e freche Spiller keefs. Du riskéiers keng Chute vun der Ekippestëmmung, wanns de e Jugendspiller an enger Frist vu sechs Deeg verkeefs, nodeems de en an deng Profisekipp geholl hues.

De Server ass offline

D'Deadlinë vun Transferen kënne verlängert ginn (op déi fairste méiglech Aart a Weis) wann d'Serveren zougemaach ginn. Een Transfert ass eréischt ofgeschloss wann de neie Spiller bei sengem Veräin ukomm ass, bis dohinner kann d'Frist, wann Ennerbriechungen virkomm sinn, nach verlängert ginn.Denk och drun, datt de Server de Moment vun der Deadline kéint zou sinn. Du riskéiers also vill, wanns mat denger Offer bis zur leschter Minutt waarts.

Fairplay um Transfermaart

Gutt Spiller a Sue sinn de Schlëssel zum Erfolleg an dowéinst ass et onheemlech wichteg, datt keng Ekipp vun anormalen Transferaktivitéite profitéiert. Dat heescht, datt et verbueden ass, fir Spiller ze deier ze kafen, an datt och all Aktivitéit verbueden ass, duerch déi eng Ekipp finanziell profitéiert. Nëmmen Eegeschafte vun engem Spiller wéi d'Fäegkeeten, Alter, Eenzegaartegkeet a Potential fir d'Nationalekipp/U21 - also Eegeschaften déi am Spill vu Bedeitung sinn - bestëmmen de Maartwäert.

D'Gamemasteren hunn d'Recht fir anormal Transferpräiser ze annulléieren oder ze ajustéieren, fir Ekippen mat Geldstrofen ze sanktionéieren oder souguer fir déi Benotzer ze spären, déi betraff sinn. Kontaktéier d'GMen direkt, wann een eng ze héich Offer op ee vun denge Spiller gemaach huet. Benotz w.e.g. eis Kontakt-Säit fir e Gamemaster ze kontaktéieren.

 
Server 070