Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

De Match: Strofstéiss a Spezialevenementer

An dësem Kapitel iwwer de Match selwer wäerte mer eis op zwee wichteg Detailer vum Match konzentréieren a se e bësse méi am Fong kucken: wéi ee kann duerch Strofstéiss Goaler schéissen a wéi s de vu "Spezialevenementer" profitéiere kanns (an aneren zousätzleche Matchevenementer).

Strofstéiss

E puer vun dengen normalen Ugrëffer wäerten zu enge Goalchancen duerch Strofstéiss ginn. Wéi am richtege Futtball bréngt et vill Punkten, wann e bei de Strofstéiss d'Nues vir huet. Et ginn zwou Zorte vu Strofstéiss, direkt an indirekt Strofstéiss.

Direkt Strofstéiss

Eelefmeteren an direkt Fräistéiss zielen als direkt Strofstéiss. Fir e Goal draus ze maachen, benotzt däi responsabele Strofstouss-Spezialist seng Fäegkeet Strofstéiss, fir dem Géigner säi Golkipp ze iwwerwannen. Däi Golkipp benotzt, zousätzlech zu senger Golkipp-Fäegkeet, seng Fäegkeet Strofstéiss, wann et drëms geet, fir sech direkt Fräistéiss ze verteidegen, mä hie kann net däi Strofstouss-Spezialist sinn.

Indirekt Strofstéiss

Ronn een Drëttel vun denge Chancen duerch Strofstéiss wäerten indirekt sinn. Indirekt Strofstéiss sinn indirekt Fräistéiss, an d'Resultat hänkt vun engem Effort vun der Ekipp of. Fir en Ugrëff brauchs de (an dëser Reiefolleg) déi duerchschnëttlech Buteursfäegkeete vun denge Feldspiller, hir duerchschnëttlech Strofstéissfäegkeeten, an dengem Strofstouss-Spezialist seng Strofstoussfäegkeeten. Fir dech géint sou Strofstéiss ze verteidege brauchs de (an dëser Reiefolleg) déi duerchschnëttlech Verteidegungsfäegkeete vun denge Feldspiller, hir duerchschnëttlech Strofstoussfäegkeeten, dengem Golkipp seng Fäegkeet Golkipp a seng Strofstéissfäegkeet.

Spezialevenementer

Ausser den normalen Ugrëffer kann et och nach zu "Spezialevenementer" kommen. Spezialevenementer si Match-Evenementer, déi vun de Spiller hiren Attributer, hire Spezialfäegkeete virun allem, ofhänken an et esou zu enger eegener Strategie maachen, fir eng Opstellung mat enger gudder Balance vu Spiller Spezialfäegkeeten ze fannen.

Et ginn zwou Zorte vu Spezialevenementer: Ekippenevenementer an individuell Evenementer. D'Chance fir en Ekippenevenement gëtt iwwer de Ballbesëtz entscheet (wanns de 55 % Ballbesëtz hues, dann hues de och 55 % Chance op en Ekippenevenement).

Individuell Evenementer hänken dovunner of, wéi eng Spezialfäegkeeten d'Spiller um Terrain hunn. Vill Spiller mat Spezialfäegkeeten kënne vu Virdeel sinn, mä et ass net alles. Du muss och Spiller mat de richtege Spezialfäegkeete fir déi richteg Positioun fir en Evenement hunn fir dass et klappt. Et ass wichteg fir déi richteg Balance vun den Spezialfäegkeeten an denger Ekipp ze fannen.

Fir all Spezialevenement am Match geet d'Chance op en zousätzlecht Evenement fir dee Match erof.

Wiederkonditiounen

Gewësse Spezialfäegkeete passe besser op gewësse Wiedersituatiounen. All Spiller hir Leeschtungen si vu spezielle Wiederkonditioune betraff, an dat vum Ufank vum Match un.

Dribbler gewannen 5 % an all hire Fäegkeete wann d'Sonn schéngt, a verléieren selwecht wann et reent.

Duerchsetzungsstaark Spiller gewannen bei Reen 5 % an all hire Fäegkeeten, a verléieren 5 % bei Sonn.

Séier Spiller verléiere 5 % bei Reen a bei Sonn.

Wann d'Wieder Afloss op ee Spiller huet, da kriss de d'Informatiounen doriwwer am Rapport vum Match geliwwert, an dem Spiller seng Stärebewäertung reflektéiert seng Performance.

Goalevenementer

Mat Spezialfäegkeeten (an anere Spillerattributer) kanns de zousätzlech Ugrëffer kréien. Zousätzlech zu deem wat hei ënnendrënner steet, brauch dee Spiller, deen d'Chance verwandele kann (oft, mä net ëmmer, dee Spiller, vun deem d'Chance kënnt), e bësse Buteursfäegkeet, fir aus deem Ugrëff e Goal ze maachen.

Onberechenbar Spiller kënnen hir Fäegkeet Passspill wa si Golkippen, Ausseverteideger oder Zentralverteideger sinn, fir onerwaart laang Passë benotzen, an hir Fäegkeet Buteur falls si Mëttelfeldspiller, Bande oder Stiermer sinn, fir sech de Ball ze plécken. Falls se Feldspiller sinn, kënne si och onerwaart Goal-Chancen erausschloen. Desto méi schlecht d'Fäegkeet Verteidegung bei onberechenbare Verteideger oder zentrale Mëttelfeldspiller ass, desto méi héich d'Chance, dass e schlëmme Feeler dem Géigner eng Goalchance erméiglecht. Zudeem kann och en onberechenbare Fliggelspiller oder Stiermer mat geréngem Passspill Chaos an denger Defense verursaachen, wat eventuell mat engem ongléckleche Selbstgoal bestrooft gëtt.

Séier Banden, Mëttelfeldspiller a Stiermer kënnen eng Chance erausschloen, wa se hir Vitesse ausspillen. Dat ka vum Géigner verhënnert ginn, andeem s Du en defensive Spiller (Aussen - oder zentrale Verteideger) opstellt, deen och séier genuch ass, fir d'Situatioun an de Grëff ze kréien. Du kriss och eng Erhéijung vum Level vun der Kontertaktik fir all séiere Fliggelspiller, Mëttelfeldspiller oder Stiermer. De Géigner kann dem Effekt awer entgéint wierke mat séiere Mëttelfeldspiller, Ausseverteidger, Zentralverteideger oder Golkeeper (just d'Erhéijung kann ausgeglach ginn, net den initiale Level vun der Taktik).

D'Dribbler ënner de Banden, Mëttelfeldspiller a Stiermer kënne Chancë produzéieren, wa si géint e Golkeeper, Verteideger oder zentrale Mëttelfeldspiller spillen, deem seng Spezialfäegkeet kappballstaark ass (dëse muss net den direkte Géigespiller sinn). Zudeem kann en Dribbler als Zentralverteideger oder Ausseverteideger eng kleng Chance ginn, fir eng net-taktesch Kontersituatioun no engem ofgefaangen Ugrëff vum Géigner ze produzéieren. Desto méi héich d'Passspill vum Verteideger ass, desto méi héich d'Chance heifir.

Banden, deenen hir Fäegkeet Bande grouss genuch ass, kënne Chancen erausschloen, déi vun enger anerer Bande, Mettelfeldspiller oder vun engem Stiermer mussen zu engem Goal ëmgemënzt ginn. Wann deem anere Spiller seng Spillerfäegkeet Buteur héich genuch ass, ass d'Probabilitéit méi grouss, datt en e Goal mécht; wann en zudeem kappballstaark ass, mécht et him nach méi einfach.

Corner: Fir aus engem Corner e Goal ze maachen erhéichs de deng Chancen mat engem Strofstouss-Spezialist mat enger héijer Fäegkeet Strofstéiss a mat gudden offensive Strofstéiss-Fäegkeete géint dem Géigner méi schwaach defensiv Strofstéiss-Fäegkeeten. Et ginn zwou Zorte vu Corneren. An där enger, wat méi vun denge Spiller d'Spezialfäegkeet kappballstaark hunn (däi Strofstouss-Spezialist gëtt do net matgezielt) a wat manner Spiller mat der selwechter Spezialfäegkeet am Géigner senger Ekipp um Terrain stinn, wat d'Probabilitéit, datt et e Gol fir dech gëtt, ëmsou méi héich ass. Wann an denger Ekipp guer keng Spiller mat der Spezialfäegkeet kappballstaark sinn, ass deng Ekipp a schlechten Dicher, wann e Corner géint se gepaff gëtt a kann och mat engem eegene Corner net vill ufänken. An der anerer hänkt d'Chance op e Gol vun der Fäegkeet Buteur vum deem Spiller, deen de Ball kritt, of. Corneren kënnen zudeem zu giele Kaarte fir déi ugräifend Ekipp féieren, mee e virgewarnte Spiller passt besser op, esou dass d'Chance op eng zweet giel Kaart méi kléng ass wéi se soss wier.

Erfahrung: Ee Stiermer mat Erfahrung kann dowéinst e Goal markéieren. Zentral an Bausse-Verteideger mat ze wéineg Erfahrung kënnen doduerch hirem Géigner eng Chance bidden.

Middegkeet: Midd defensiv Spiller (Verteideger an zentral Mëttelfeldspiller) kënne Feeler maachen. Et sief de géigneresche Stiermer wier och midd, da kann dat dem Géigner eng Chance bidden.

Aner zousätzlech Match-Evenementer

Et ginn och nach e puer zousätzlech Evenementer, déi s de kanns an engem Match kréien. D'Chance fir sou en Evenement ze kréien hänkt net vun der Stäerkt vum Mëttelfeld of, d'Chance op sou eent geet also net erop, wanns de d'Mëttelfeld dominéiers.

Konterattacken: Och wanns de net d'Spezialtaktik Konteren benotz, gëtt et ëmmer nach eng kleng Chance, fir e Konter kënnen duerchzeféieren. Fir dës Konterattacken, déi net vun der Taktik ofhängeg sinn, ze kréien, brauch deng Ekipp net déi méi schwaach am Mëttelfeld ze sinn (wat jo normalerweis néideg ass, fir kënnen ze konteren). Am Kapitel iwwer d'Spezialtaktike fënns de méi iwwer d'Konterattacken.

Wäitschëss: Och ouni d'Wäitschëss-Taktik bleift ëmmer nach eng kleng Chance op eng Geleeënheet fir e Wäitschoss iwwereg. Am Kapitel iwwer d'Spezialtaktike gëss de méi iwwer d'Wäitschëss gewuer.

Duerchsetzungsstaark zentral Mëttelfeldspiller, wann se defensiv spillen (och Sechster genannt) kënnen sech drop konzentréieren fir géigneresch Ugrëffer ze ënnerbannen an de Ball ze wannen. Wann hien am Pressing erfollegräich ass, dann ass dem Géigner säin Ugrëff ofgebrach. Fir dat ze maachen, muss hien sech op seng Fäegkeet Verteidegung a seng Konditioun verloosse kënnen.

Duerchsetzungsstraark Stiermer, wann se normal spillen (och Stoussstiermer genannt), kënnen de Kierper richteg asetzen an doduerch zweet Chancen kreéieren a no enger normaler Chance nach treffen wann deng Ekipp eigentlech scho verginn huet. Si brauche genuch Spillmaacher a Buteur fir dat ze kënnen. Hir Physis kann awer och zu giele Kaarte féieren; trotzdeem probéieren se méi virsiichteg an deene Situatiounen ze sinn wa se scho verwarnt goufen.

Du wäers eng Penalitéit duerch Iwwerschoss erliewen wanns de zwee oder dräi Spiller mat der selwechter Kombinatioun vu Spezialfäegkeet a Positioun asetzs bei folgenden Typen: Dribbler als defensiv Stiermer, duerchsetzungsstaark normal Stiermer an duerchsetzungsstaark defensiv Mëttelfeldspiller. Wanns de zwee Spiller vum selwechten Typ opstells, da kriss de eng Penalitéit op hir Leeschtung (4 % jiddereen). Wanns de dräi Spiller opstells, da geet d'Penalitéit erop (7,5 % jiddereen).

 
Server 070