Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Hausregelen

Hattrick ass komplett gratis. Mer verlaange just, datts de eis ganz einfach Hausregele respektéiers. Wanns de mengs, datt iergendeen déi Regele brécht, so w.e.g. de Gamemastere Bescheed.

D'Hattrick-Ekipp versicht stänneg, d'Spill ze verbesseren. Zousätzlech Funktioune kënnen zu all Moment agebaut ginn, woubäi allerdéngs gréisser Ännerunge meeschtens tëschent zwou Saisonen agebaut ginn. Well Hattrick e Spill ouni fest Enn ass, mussen d'Entwéckler heiansdo agräifen. Zum Beispill kann dat sinn, fir ze évitéieren datt bestëmmten Ekippen mat der Zäit net méi kënne verléieren. Kuerz gesot: d'Entwéckler passen op d'Spill op a mussen heiansdo an d'Spill agräifen. Mer versichen dat sou fair an douce wéi méiglech ze maachen, dat och andeems et zur Zäit gesot gouf, fir datt s du dech och kanns drop astellen. Ännerunge mussen eben heiansdo och ganz einfach gemaach ginn.

Eis Servere si generell ouni Ennerbriechung disponibel, mä et ka sinn, datt mer fir Maintenance oder Verbesserungen de Site mussen offline huelen. Mer versichen all Kéiers Bescheed ze soen, wann de Betrib vum Site ënnerbrach gëtt, mä ënnert extreme Konditioune kann et sinn, datt mer Problemer ouni Virwarnung léise mussen.

Heiansdo geschéie Saachen, déi net wierklech virgesi waren, wéi zum Beispill Feeler. Wann eppes geschitt, wat der komesch virkënnt, solls de d'GMe kontaktéieren an da kucke mer eis déi Saach un. Wa mer e Problem léisen, versiche mer dobäi sou fair ze bleiwe wéi et geet, mä aus praktesche Grënn ass et natierlech net méiglech, e Match nach eng Kéier ze spillen. Wann en Arbitter onfair päift, komesch Evenementer ronderëm den Terrain de Match ruinéieren oder et ganz einfach nëmme Pech ass, da kann dat net geännert ginn, et ass näämlech en Deel vum Spill.

 
Server 070