Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

D'Geschicht vun Hattrick

Saison 81 (4. Abrëll 2022)

Fir Veräiner mat wéineg Entwécklung an de leschte Joer, ginn nei Missioune fräigeschalt. Dëst suergt fir frësche Wand. Du kanns elo enger weiderer Lokal Regioun bäitrieden. Wann s de de Mauszeiger iwwer e Spiller häls, kriss de déi wichtegst Informatioune wéi Numm, Alter, Veräin etc. ugewisen, ouni d'Säit mussen ze verloossen.

Den Trainingsplaner kritt en Upgrade, du kanns elo ënner anerem verschidden Trainingspläng erstellen. Mir enthüllen d'Famillje-Liene bei Hattrick a weise fir all neie Spiller un ob e mat anere, méiglecherweis berüümten, Hattrick Charaktere verwannt ass.

Spiller kréie Couppe wann se eng wichteg Roll beim erreeche vun der Meeschterschaft gespillt hunn. D'HFA verhandelt d'Sponsor-Kontrakter nei an erreecht däitlech besser Konditiounen.

Saison 80 (13. Dezember 2021)

D'Matchreporter si besser op hir Matcher virbereet. Si hu méi Informatiounen iwwer Spiller, Veräiner a fréier Leeschtungen. A well een ni genuch Errongenschafte kann hunn, hu mer der nach e puer bäigefüügt.

Eng nei Datebank gëtt a Betrib geholl. Méi Späicherplaz, méi Rechekraaft asw. erlaben eis an Zukunft méi Flexibilitéit. Mam "Wonsch-Liga" Feature kanns de däi gewënschte Liga Wee besser plangen, souwuel no uewe wéi och no ënnen.

D'Opstellungs Säit gouf iwwerschafft mat neie Funktiounen, bessere Luetzäiten a méi "Responsiveness". Wat d'Stadie betrëfft, do gëtt den Heemstadion elo wärend de Matcher am Hannergrond ugewisen. Ausserdeem kann d'Schnëttmuster fir d'Wiss vum Stadion endlech festgeluecht ginn.

D'Spiller Säite sinn aktualiséiert ginn. Et gesäit ee méi Informatiounen op ee Bléck, wéi z.B. Verletzungen, Kaarten, Goler, etc.

Saison 79 (23. August 2021)

E speziellt Liga-Format gouf dës Saison lancéiert, d'Apache league. Déi deelhuelend Ekippe probéiere bannent sechs Saisonen un d'Spëtzt ze kommen. Verschidde Verbesserunge fir d'Apps ginn verëffentlecht, wéi zum Beispill eng Forum Sich, Spiller Statistiken a villes méi.

D'Federatioune vun den Nationalekippe si lo op fir jiddereen, och fir Non-Supporter. Fir d'Golkipper kann e separat Trikot-Design kreéiert ginn. An et ginn nach méi nei Errongenschaften ze entdecken.

D'Taktike Pressen, Attack iwwer d'Säiten an Attack iwwer d'Mëtt kréie kleng Upassunge fir se, am Verglach mat deenen anere verfügbaren Taktiken, e bëssen auszebalancéieren. Et ginn Opträg ze entdecken déi a bestëmmte Situatiounen an denger Hattrick Karriär ausgeléist ginn an der zousätzlech Spill-Ureizer ginn.

Den neien Stadion Designer huet, zesumme mat e puer klenge Verbesserungen, säin Optrëtt an eiser App. Fir d'Ëmgoe vun den Ausgabegrenze vun de Reserve vum Kommitee ze vermeiden, kann de Kommitee entscheeden, d'Sue vum Verkaf vun engem 'Gold Bar' Spiller deen net dacks fir däi Club gespillt huet, an de Reserven ze halen.

Virum Ufank vun all neier Saison kanns de lo e Sponsor aus fënnef Offeren auswielen. Dir steet en interessante Choix, ofhängeg vun denger Risikobereetschaft, zur Verfügung.

Saison 78 (3. Mee 2021)

A Lokalregioune kanns de lo mat anere Manager aus der selwechter Géigend chatten an Dueller spillen. D'Mentore kënnen hir Schüler och mat Hëllef vun engem Chat d'Spill méi no bréngen.

E verbesserte Stadion Designer kënnt zeréck nodeems déi al Versioun fir eng laang Zäit, op Grond vu Flash Astellungen, net verfügbar war. Vill nei Statistiken a verknëppte Funktioune goufen dobäigesat.

Et koume vill nei Errongenschaften dobäi. Et sinn net nëmmen e puer Verbesserungen am Uniform-Designer gemaach ginn, mee en ass lo och an den Apps disponibel.

Saison 77 (11. Januar 2021)

Mir starten mat engem neie WM-System, deen e méi flexibelen Format huet an et allen 144 Länner elo erlaabt matzemaachen. Mir stellen och nei kontinental Meeschterschaften fir Europa, Afrika, Amerika an Asien-Ozeanien vir.

Mir stellen en neien Tournoi-Format vir, wou eng Nidderlag net onbedéngt een Auscheeden aus dem Tournoi bedeit. E verbesserten Opstellungssimulator erlaabt dir Wieder, Plaz, Ekippestëmmung an Selbstvertrauen mat enger personaliséierter Opstellung ze simuléieren.

Endlech mécht den neien Uniform-Designer säin Optrëtt, nodeems mir virun e puer Méint "Flash" hu missen Äddi soen. Mir hunn e Chat-Portal bäigefüügt, deen dir vill méi Iwwerbléck iwwer d'Chats, vun deenens du Member bass, sollt erméiglechen.

D'Matcher Säit weist elo eng Grafik, déi relativ Positiounen fir all Ekippen an der Liga uechter d'Saison weist, souwéi eng interaktive Kräiz-Tabell, wous du den Heem-/Auswärtsrekord fir all Ekipp géint all aner Ekipp iwwerpréiwe kanns. Mir hunn och eng nei Iwwersiichts-Säit fir Leeschtungen verëffentlecht.

Saison 76 (21. September 2020)

Myanmar, Zambia, San Marino, Puerto Rico an Haiti trieden dës Saison der Hattrick-Famill bei. E puer Presentatiounsännerungen betreffend Training ginn och agefouert.

Eis App kritt e groussen Update, wou vill vun de Funktiounen vum Site, elo och an d'App bäigefüügt ginn. Du kanns elo Tournoien erstellen an Ekippen invitéieren. Du kanns d'Fäegkeetsentwécklung, d'Gehalt, d'Verletzungshistorique an onvergiesslech Evenementer vun denge Spiller kucken. An dobäi hu mer just een kléngen Deel ugeschwat, vun deem wat alles bäigefüügt ginn ass.

D'HT-Welt Säit gëtt ëmgebaut. Mir hunn och en neit Diagramm op der Veräins-Historique Säit bäigefüügt, déi denger Ekipp hir Fortschrëtter iwwer d'Saisonen (oder Mangel dovun...) an der Liga oder an der Coupe weist.

Saison 75 (1 Juni 2020)

Mat Belize, Botswana, Madagaskar a St. Vincent an d'Grenadinen, begréissen mir véier nei Ligen bei Hattrick. Mir verëffentlechen e puer Trainings Hëllefsmëttel, dorënner eng Trainings-Historique Säit, wous du nokucke kanns, wéi eng Trainingsaart, zu engem bestëmmten Zäitpunkt, vun dir trainéiert gouf.

Eng nei Astellung fir Dueller an Tournoien ass bäigefüügt ginn, déi et erlaabt, datt dës Matcher entweder 3 oder 6 Mol méi séier gespillt ginn. Hattrick gëtt grad erweidert, fir eis domadder méi Aarbechtsraum ze schafen. Op verschidde Säiten ginn et dann och nei Funktiounen, z.B. eng iwwerschafft Liga Säit an en Update fir d'Transfer-Sich.

Saison 74 (10 Februar 2020)

Coupe Status, blesséiert oder suspendéiert Spiller, Match Kommentatoren ginn dir besser Kontext zu den Match Evenementer. Den Trainingsplaner erlaabt dir, Trainingspläng ze kreéieren, mat deenens du ënner anerem, Fäegkeeten a Gehälter fir e spezifesche Trainingsplang viraussoe kanns.

En aktualiséierte Kalenner op der "Mäi Büro" Säit, gëtt dir een verbesserten Iwwerbléck iwwert dat, wat am Moment - a fir déi nächst Wochen - wichteg ass. Mir hunn e puer Ännerungen un de "Gespréichskaarten" op der "Mäi Büro" Säit gemaach, wou däin Haapt-Personal dir wichteg Updates iwwer däi Veräin an deng Spiller matdeelen kann.

De "Power Rating" ass eng nei Aart a Weis, fir deng Ekippestäerkt, déi iwwer Secteur Bewäertungen a Spillerstäre hinausgeet, ze moossen a gëtt aus de beschten 7 vun denge leschten 14 kompetitive Matcher berechent. D'Nationalekippen kruten och e puer Updates, z.B. kënnen d'Co-Traineren elo och Frëndschaftsmatcher arrangéieren..

Du kanns elo däin eegene Liga Tournoi erstellen. Eng nei gestalt Pre-Match Säit alignéiert sech elo méi mat der Live Säit. Bot-Ekippen ginn vill méi schwéier ze schloen, si hu souzesoen méi Bëss.

Saison 73 (21 October 2019)

Mir begréissen zwee nei Zougäng dës Saison bei Hattrick : Äthiopien an d'Demokratesch Republik vum Kongo. An den Divisioun Battles kanns Du dech zesumme mat anere Memberen vun denger Liga géint aner Liga Memberen moossen.

D'Ligatabell gëtt iwwerschafft a kritt ee neie Look. Zousätzlech kann ee sech ee Spiller vum Transfertmaart am Opstellungssimulator uweise loossen, wéi de Spiller sech géing an der Bewäertung maachen. An et gëtt nach den Direkten Matchufank fir Dueller oder Leedermatcher, fir de Fall datt déi zwee Manager averstane sinn fir hiere Match éischte unzefänken.

D'Live Speakeren vermëttelen vill méi Hannergronninformatiounen, virun allem wa grad um Terrain näischt lass ass. Ausserdeem gëtt et di "däischter Säit vun der App" - een Dark-Mode den deng Aen schount an an der App agestallt gi kann.

Mir hunn de Büro mol endlech opgeraumt, wichteg Informatioune sinn elo vill méi einfach ze fannen. Bei den Nationalekippen kréien d'Scouten elo eng eegen Roll an et gëtt d'Méiglechkeet, Spiller als Nationalekippen-Kandidaten ze markéieren fir deenen hier Entwécklung besser ze verfollegen.

Saison 72 (1 July 2019)

Vill Funktiounen ginn bei d'App bäigesat, wéi zBsp Jugendfrëndschaftsmatcher oder d'Méiglechkeet fir NT Matcher ze verfollegen. D'Opstellungssäit an der App gouf och bedäitend verbessert.

De minimalen Undeel un Konditiounstraining gëtt vun 5% op 10% erhéicht. Mentoren kréien méi Unerkennung fir hier immens wichteg Aarbecht. Mam "Transfertkandidat" an der "Extra automatescher Offer" ginn nei Gears Produkter virgestallt.

D'Nationalekippenkréien Trainingssäiten an Co-Trainer. D'Handbuch ass och iwwert d'App disponibel a bei HT-Mails a Posts an de Foren gëtt eng Preview-Funktioun agebaut. Zimlech gutt Feature, fir all déi di gäeren mat HTML hantéieren.

Saison 71 (11 March 2019)

D'Coupe grad esou wéi de Matchrapport ginn iwwerschafft. Nieft dem Facebook- resp. dem reguläre Login ass et elo och méiglech, sech iwwert säi Google-Konto anzeloggen.

Saison 70 (19 November 2018)

Nei Ligen goufen di éischte Keier zanter siwwe Joer bei Hattrick bäigesat! D'Inselstaaten Comores, Curaçao, Guam, Sri Lanka and São Tomé & Príncipe sinn nei an der Hattrick Famill begréisst ginn. Ee ganze Koup nei Features goufen verëffentlecht - fir besser Statistiken, méi Detailler bei de Coupen a nach vill méi. D'Opstellungssäit gouf verbessert, de neie Layout gouf méi intuitiv, méi staark a méi séier gehalen.

Saison 69 (30 July 2018)

Hattrick gëtt mobil! Eng grouss Nei-Verëffentlechung vun eiser Smartphone App, ermeiglecht eise Managerinnen a Manager sech eng éischte Keier, vun ënnerwee aus, kënnen em all hier Ekippen ze këmmeren. No dëser Publikatioun, ass dunn eis Websäit méi an de Fokus geréckelt. Dueller goufen agefouert, et gouf Updates fir den Transvertvergläich, d'Transfertobservéierungslëschten, d'Ekipp vun der Woch a nach vill aner Saachen.

Saison 68 (9 April 2018)

D'Entwëckler-Team huet u neie Versiounen vun den Apps geschafft. Dofir ass och net vill u neie Funktiounen dës Saison passéiert.

Saison 67 (16 December 2017)

An der Communautéit gouf ee Design-Concours lancéiert fir nei Iddien ze kréien wéi sech d'Spill optesch weiderentweckele soll. D'Gewënner goufen fir eng zweet Phas agelueden, bei der flott Konzepter entstane sinn, déi d'Hattrick-Team gutt inspiréiert hunn.

Saison 66 (28 August 2017)

Grouss Veräennerungen brëngt d'Afeierung vun de Generatiounen-Trophies mat sech, een internationale Concours bei dem all d'Manager, déi mat hierer Ekipp zur nämlechter Zäit ugefangen hunn, geinteneen spillen kënne. Et gëtt eng nei Trainingssäit, mat bessere, detailléirte Pläng, déi uweisen wéi eng Emstänn een Afloss op den Training hunn.

Saison 65 (8. Mee 2017)

Mir hunn e puer Verbesserungen fir eise Chat System gemaach déi et méi einfach maachen fir en Chat ze fannen, opzemaachen an dotëscht ronderëm ze sprangen an den Deeg vun de Matcher.

Eng nei Opstellungssäit ass erauskomm mat net just engem neien Design, mä och mat ville neie Méiglechkeeten wéi 7 Auswiesselpositiounen an weider Funktiounen déi dir hëllefen fir eng gutt Opstellung ze maachen.

Saison 64 (16. Januar 2017)

Hattrick International gëtt dir d'Méiglechkeet fir dech mat Manager ronderëm der ganzer Welt ze moossen. Wat och nach ass, do wou et eng nei Liga ass, wäert et och interessant ze gesi sinn wien sech éischte Champion nenne kann no 6 Saisonen.

Verletzungen sinn elo méi genee andeems se och aussoen, wou de Bobbo um Kierper ass. Och d'Schätzung vun der Dauer vun der Verletzung ass méi genee. Eenzel Matcher kënnen elo och analyséiert ginn a weider Verbesserunge goufen der Ekippen Analyse Funktioun dobäi gesat.

D'Ofstëmmung vun eise Platin an Diamant Diamant Supporter huet erginn, dass et eng Erënnerung gi muss wann e Jugendspiller prett ass fir an d'éischt Ekipp geholl ze ginn.

Saison 63 (26. September 2016)

D'Ekippen Analyse Funktioun krut eng gréisser Erweiderung a léisst dech elo och deng eegen Ekipp analyséieren, ewéi och deng Spiller wanns de Supporter bass. De Match Replay gëtt et elo och fir Net-Supporter géint Credits.

Browser Meldungen kommen elo och op däin Handy fir déi, déi wärend se eppes aneschtes maachen, op kee Fall eppes an hire Matcher verpasse wëllen. D'Säit vun der nationaler Liga krut en Update mat interessante Statistiken a weisen elo och de Champion an de Coupegewënner.

Vill Verbesserungen goufen et fir Manager mat enger Jugendekipp, esou wéi d'Resultater vum Training, déi direkt kommen an d'Scouten, déi dir net méi laang 17 järeg Talenter ubidden. Du hues keng Jugendekipp? Da ginn dir och keng 19 järeg Spiller aus dem Scoute Netzwierk ugebueden.

Saison 62 (6. Juni 2016)

Andeems mir de neie Live Viewer agefouert hunn ass d'Erfarung fir de Match live ze verfollegen méi spannend an dramatesch ginn, well mir och interessant Fakten wärend dem Match era bréngen. Den Arbitter kann elo och Nospillzäit ginn a mir hunn en Chat eragesat, fir dass de mat dengem Géigner oder mat anere Memberen an denger Liga schreiwe kanns wärend de Matcher.

Mat der Ekippen Analyse Funktioun kanns de séier déi fréier Matcher vun dengem nächste Géigner analyséieren.

Saison 61 (15. Februar 2016)

Mir weisen elo och d'Stufen iwwer gëttlech un. De Mentore System ass verbessert fir d'Erfarung fir Mentoren a Schüler nach besser ze maachen.

Saison 60 (26. Oktober 2015)

Dës Saison gouf de Personal System aktualiséiert a vun elo un kritt däi Personal Kontrakter. Du kanns en Taktik-Assistent rekrutéieren an d'Pressespriecher hunn sech zeréckgezunn.

Zu gudder Lescht gi mir ewech vun der HT-Zäit an du kanns elo deng Zäitzone erauswielen esou dass et dir méiglech ass fir deng Matcher ze verfollegen ouni d'Differenz vun der Zäit tëschen der wou s de wunns an der zentraleuropäescher ze rechnen.

Saison 59 (6. Juli 2015)

Et gëtt méi einfach fir Matcher ze analyséieren, nodeems mer elo d'Statistik vun alle Chancen am Match weisen, wann en eriwwer ass. E Simulator fir d'Opstellung gouf erausbruecht, den an anere Wierder, e Matchuerder Programm ass, dee fir rondrëm ze spillen ass a net mat engem Match zesummen hänkt.

Fir eisen 18te Gebuertsdag hu mer Paie Statistiken fir all Spiller a separat Statistiken vu Goaler vun engem Spiller bei sengem aktuelle Veräin erausbruecht. Et ass och elo méiglech fir Tournoien mat 32 oder 64 Ekippen ze lancéieren.

Mer sinn och stolz iwwert d'Saach, dass mat Indonesesch nach eng weider Sprooch bei Hattrick dobäi kënnt. Eisen eegene Chatsystem ass och eraus als eis neiste Fonktioun fir d'mobil Appikatiounen. Elo kanns de mat Memberen aus denger Liga, dengem Géigner oder am Federations Chatraum schreiwen, am leschte Fall natierlech op fir all Member aus der Federatioun.

Saison 58 (16. März 2015)

D'Selbstvertrauen ass ab elo méi viraussehbar an extrem falend Wäerter komme net méi sou oft fir. D'Strof fir den Training bei engem Forfait gouf ewech geholl, sou dass d'Spiller, déi am anere Match vun der Woch gespillt hunn, net méi bestrooft ginn. D'Eelefmeterschéissen wäert elo just nach puer Minutten daueren, a keng 20 Minutte méi wéi fréier.

Supportere kënnen elo hir Hall of fame Spiller a Jugendscouten, Jugendtraineren oder eng aner Zort vu Spezialist vun hirem Veräin änneren.Wéi vu ville gefuerdert, hunn eis mobil Applicatiounen elo och e soziale Beräich wou ee siche, noliesen a natierlech och am Hattrick Forum schreiwe kann souwéi och d'Bréifkëscht kucke kann.

Iwwert d'Joeren gouf et scho vill Initiativen vun eise Benotzer fir nei Benotzer unzeléieren, ëm wat et bei Hattrick geet a wéi een et spille soll. Mer hunn elo dës Hëllef méi einfach gemaach mam Mentore-Programm fir nei Manageren, wou een hinne weise kann, wat ee maache soll a wat net souwéi hoffentlech se och sou un d'Spill ze bannen wéi mer et sinn.

Eng exklusiv Tournéier Coupe fir all eis Supporter gëtt elo an der Saisonpaus gespillt. Si gëtt méi oft wéi déi normal Coupe gespillt, an dat international, an offréiert vill witzeg Iwwerraschungen fir d'Participanten während der Zäit.

Saison 57 (24. November 2014)

Mer si ganz frou mam Erausbréngen vun eiser neier mobiler Versioun an eise verbesserten iPhone an Android Applicatiounen a mer mengen, dass mer doduerch d'Spillerfahrung däitlech fir déi verbessert hunn, déi mobil am Internet ënnerwee sinn.

Supporteren kréien d'Méiglechkeet, fir Netzwierk Lëschten ze féieren. Oppen Tournoien gi Benotzer d'Chance, fir direkt bei Tournoien mat fräie Plazen matzemaachen a net méi op Invitatioune waarden ze mussen.

Saison 56 (4. August 2014)

Mer hunn eise Coupe System komplett nei opgebaut fir méi Veräiner d'Erfahrung vun enger flotter Coupe Saison ze erméiglechen. Derbäi hu mer Divisioune Coupen fir déi ënnescht Divisiounen gegrënnt. Am selwechten Ament hu mer och d'Präisgelder erhéicht a scho fir fréier Ronnen an der Coupe agefouert.

Mat Amerikanesch Englesch huet Hattrick seng 55. Sprooch erausbruecht.

Saison 55 (14. Abrëll 2014)

Dës Saison huet de neie System vum Personal endlech d'Liicht vum Dag gesinn a mécht lo d'Décisioune vun der Benotzer beim astelle vum Personal méi wichteg an interessant.

Mer hunn d'System vum Opstig iwwerschafft fir déi niddereg Divisioune mat méi Relegatiounsmatcher als Konsequenz a sou och méi eng laang Period, wou d'Matcher an der Saison Sënn hunn. D'Präisgeld ass och erhéicht ginn.

Et ass lo méiglech fir méi wéi een Tournoi gläichzäiteg ze spillen. Et ass der lo méiglech fir den Historique vu Verletzunge bei denge Spiller op engem Bléck ze gesinn. Mam Manager Netzwierk kënn all Hattrick Benotzer d'Veräiner an d'Manager verfollegen, déi ëm eppes bedeiten.

Mam ëmnenne vu Spiller an extra Événementer am Match hu mer nei Gears Produiten dobäi gesat. Wéi wann dat net scho genuch wär hu mer och d'Frëndschaftsmatcher an der Saisonpaus agefouert, sou datt lo all Weekend en Hattrick Match wäert sinn ausser du organiséiers kee Frëndschaftsmatch.

Diamant ass eng nei Supporter Versioun, wou s de all Produit en benotze kënns ouni Credits dofir bezuelen ze mussen. Et ass och exklusiv eng Replay Fonctioun derbäi bei der s de kucke kënns, wat geschitt wann däi Match 10 weider Kéieren simuléiert géif ginn.

Saison 54 (23. Dezember 2013)

Eng nei Hëllef beim Training gëtt et fir eis Supporter mat der Estimatioun, wéivill Training all hir Spiller brauchen, fir de nächste Level an enger ausgewieltener Fäegkeet brauchen.

Dank dem bessere Support fir CHPP Produiten ass et fir eis onofhängeg Entwéckler lo méiglech, besser a méi interessant Fonctiounen ze maachen, wat virdrun net méiglech war.

Fir déi éischte Kéier iwwerhaapt kënnen Deeler vum Hattrick Forum vu Visiteure geliest ginn, déi keen Hattrick spillen. Mer hunn d'Liedere fir Federatiounen agefouert. Dësweideren ass et fir Supporter lo méiglech, ze kucke wéi sech Live-Bewäertunge während dem Match veränneren.

Fir dës Saison ofzeschléissen ass Financial Fair Play annoncéiert gi fir ee méi ausglachend Feld am internationalen Hattrick Ligensystem ze garantéieren.

Saison 53 (2. September 2013)

No laange Joere seet Hattrick der Golden Goal Regel endlech Äddi souwéi d'Communautéit et bei der Ofstëmmung um Gebuertsdag wollt. Dank der selwechter Ofstëmmung kënns de lo och deng Standard-Opstellung kucken, änneren a läschen.

Jugendekippen wäerten net méi eng Woch fräi hu wärend der Saisonpaus vun den Härenekippen.

Saison 52 (13. Mee 2013)

Liedere sinn eng alternativ Competitioun mat enger méi héijer Vitesse fir déi, déi Bewegung wëllen, entweder eng nei Herausfuederung oder einfach e witzegen a fesselnden Typ vun enger Competitioun. Aserbaidschanesch gëtt déi 54ten Sprooch beim Hattrick. Eng Accountstatus-Säit gëtt als Deel vun eiser Aarbecht fir e méi frëndlechen Hattrick verëffentlecht.

Wéinst finanzielle Problemer verkeeft Zattika Hattrick zeréck u seng al Besëtzer. Mat Erliichterung vu vill Leit leeft Hattrick weider, mee muss leider äddi soen zu ville respektéiert a bekannte Kollege wéi den HT-Klas an den HT-Tjecken.

Saison 51 (21. Januar 2013)

Lo wou et méiglech ass fir deng Resultater mat denge Kollegen an de sozial Netzwierken ze deelen, kenns de hinnen iwwer deng heldenhaft Victoire oder iwwer déi onfair Défaite zielen.

Hattrick Supporter ass net méi nëmmen e Produit, mee lo dräi: Platinum, Gold a Silver. Individuell Präisser fir all Land ginn an de meeschte Länner de Benotzer d'Chance fir de Supporter méi bëlleg ze kafen.

Vill Leit hu gezweiwelt, ob mer jeemools op e besseren Abrëllsgeck wéi "Balls" komme géifen. D'Aféierung vun Arbittere war als gudde Versuch dofir ugesi ginn. Du kënns der lo och Belounungspunkten duerch d'Invitéiere vu Kollegen op Hattrick verdéngen.

Saison 50 (1. Oktober 2012)

Bewäertungs-Grafiken erhéichen nach eng Kéier de Wäert vun de neien detailléierte Match-Bewäertungen. Dueller ginn der d'Méiglechkeet fir all Ekipp erauszefuerderen an nach méi Matcher niewent dem normale Spillplang ze spillen.

Eise Supporter-Pak krut eng grouss Erweiderung mat der Sich vun Transfermaart-Kandidaten, Astellunge fir d'Veräinsschema an en Éditeur fir de Veräinslogo. Och goufe puer al Supporter-Fonctiounen den anere Benotzer fräigeschallt.

Automatesch Offere ginn dem Benotzer d'Méiglechkeet, och zu penibelen Zäiten am Bett ze bleiwen an awer de Spiller ze kréien, den se sech iwwert alles wënschen. Through Offerwalls bidde mer lo u fir d'Méiglechkeet op Belounungspunkten ze ginn, mat deenen e Supporter ke ginn oder Credits kritt, ouni richteg Suen auszeginn.

Saison 49 (11. Juni 2012)

Eis nei Rekrutéier-Zentral mécht et méi einfach fir dech fir Kollegen op den Hattrick ze invitéieren. Zesumme mat Hattrick Press a hu mer e Schreiw-Wettbewerb organiséiert wou s de Artikelen iwwert deng Hattrick-Karriere schreiwe kenns. Eng nei Hattrick-Lizenz ersetzt déi al Variant als Deel vu Verbesserunge fir dat neit Benotzer-Erliewnis.

Do wou Hattrick genau viru 15 Joer d'Dagesliicht erbléckt huet, feiere mer mat neie Bewäertungen déi der méi Informatiounen zu de Matcher ginn. Och gouf d' Anniversaire-Säit lancéiert, wou cool Fakten zu eisen éischte 15 Joër ze fanne sinn.

Eis Smartphone-Benotzer kennen Hattrick lo och iwwert eis offiziell Android-App, déi déi selwecht Funktionalitéit wéi d'iPhone-App huet, genéissen.

Saison 48 (20. Februar 2012)

Du kënns weider Kollegen an deng Divisioun invitéieren, wanns de an den zwou leschten Divisioune spills. Mat den Hattrick Tournoien hues de d'Méiglechkeet, fir den ze spille wou s de wëlls, ouni dass de Verletzungen oder Kaarte riskéiers, déi Afloss op deng normal Matcher huelen.

E grousse Schrëtt an eiser Geschicht ass de Bäitrëtt vun Hattrick bei Zattika, e Spiller-Ubidder de sech op sozial a mobil Spiller konzentréiert.

Deng Uniforme gi lo och op der Opstellungssäit gewisen an d'Spiller, déi e Match séit dem leschten Training gespillt hunn, si markéiert. A wéi wann dat net genuch wier hu mer déi offiziell Hattrick iPhone App verëffentlecht an et ass lo méiglech, fir sech iwwer Facebook an den Hattrick anzeloggen.

Saison 47 (31. Oktober 2011)

D'Loyalitéit vu Spiller déi scho laang an denger Ekipp si wäerten se lo zu bessere Leeschtunge bréngen. D'Hattrick Gears, eemoleg Bezuelfunktiounen fir zum Beispill den Avatar vun engem Spiller ze änneren, ginn agefouert. Och stelle mer nei Statistiken op eis Säit, déi eng ofgespeckte Versioun vum Alltid.org sinn. Hattrick Press kritt säin eegene Blog am Hattrick United an zu der selwechter Zäit kréien d'Federatiounen d'Méiglechkeet fir selwer e Blog opzemaachen.

Mer si frou fir zum Lieblings-Simulatiouns-Spill 2011 gewielt ginn ze sinn.

Saison 46 (11. Juli 2011)

D'Opstellungssäit gëtt mat enger Estimatioun vun der Bewäertunge verbessert an de Spiller hir ideal Positioun gëtt ervirgehuewen. Nei Benotzer kënnen hiren Trainer froen, fir e Virschlag fir eng Opstellung ze kréien. Zwee Spiller kënnen och well um Terrain d'Plaz wiesselen.

All Benotzer kréien Accès op d'Rapporte vum Training. Supporter kréien e bessere Rapport vum Training, dozou gehéiere well och d'Verännerunge bei der Konditioun an der Form. Grafiken iwwer d'Benotzung vum Stadion an d'Entwécklung vum Fanclub sinn nei Supporter-Fonctiounen, genee wéi d'Méiglechkeet fir d'Opstellung iwwer CHPP-Applikatiounen ze maachen.

Saison 45 (21. Mäerz 2011)

An dëser Saison si bei Hattrick vill Saache passéiert. Déi gréissten Ännerung ass wuel déi vum eegene Büro, der Ufankssäit fir all Manager. Dräi aner grouss Saache goufen och nach verëffentlecht: Hattrick United (eise Blog-Portal), Hattrick-Widgets (d'Widgets kënnen direkt op engem Site oder Blog benotzt ginn) an Hattrick Open (wou s de kanns Hattrick-Tournoie géint deng Frënn spillen, wéini s de och ëmmer wëlls).

Hattrick Supporter feiert säin 10. Gebuertsdag. Gefeiert gëtt mat der Méiglechkeet, fir säin Avatar unzepassen, fir e Link op Pressecommuniquéeë setzen ze kënnen, neien Hannergrënn an enger verbesserter Observéierungslëscht fir Transferen.

Kamerun, Usbekistan, Kuba a Palestina sinn déi nei Membere vun der Hattrick-Famill, an d'islännesch Sproochversioun gëtt verëffentlecht.

Saison 44 (29. November 2010)

No ville Joere krut Hattrick endlech eng arabesch Sproochversioun. De Supporter-Pak gëtt aktualiséiert a kritt Live-, Heem- an Auswäertstabellen, fir Pressecommuniquéë gëtt et d'Méiglechkeet den Daum no uewen ze dréien a se ze kommentéieren, an et ginn och Ekippefotoen agefouert. Jidderee ka well virun engem Match dëse kommentéieren, an et ass och elo méiglech, fir iwwer Facebook e Frëndschaftsmatch ze arrangéieren.

Den allgemengen Training (Form) gëtt ofgeschaaft.

Saison 43 (9. August 2010)

Während dëser Saison ass Hattrick quasi en Teenager ginn, et war e wierklech grousse Schratt. Déi gréissten Neiegkeet fir dës Saison war de méi séieren Training, dee fir vill Stufe vun de Fäegkeete méi séier gouf - mä och méi lues fir méi héich Stufen. Donieft gouf de Verloscht vun de Fäegkeete méi ofhängeg vun der Stuf vun de Fäegkeeten gemeet wéi vum Alter. Och beim Personal goufen et Ännerungen. Golkippen-Traineren goufen an d'Co-Traineren agebonnen, Finanzberoder goufe wechgeholl, an et war nëmmen nach méiglech fir am ganze maximal 30 Membere vum Personal ze hunn (a maximal 10 vun all Zort).

De Moteur fir d'Matcher huet besser d'Nervositéit an d'Ënnerschätzung simuléiert, a Spezialevenementer si linear nom Ballbesëtz verdeelt ginn. D'Veräinsdoktere ware frou ze héieren, datt nei Methode länger Verletzungspause verhënneren. Wann e Spiller blesséiert gëtt, dann ass +4 déi längste Verletzungspaus, déi méiglech ass.

A schlussendlech hu mer e bessere Spillplang fir de Championat agefouert duerch d'Hëllef vun engem Member aus der Communautéit (jimrtex). A wa mer scho vun der Communautéit schwätzen: Eng Beta-Versioun vun der Forum-Sich gouf lancéiert an d'Entwéckler hunn e Blog opgemeet fir vun hirem Alldag ze erzielen.

Saison 42 (19. Abrëll 2010)

Fir déi éischte Kéier iwwerhaapt krute mer e Moteur fir d'Matcher, dee sech net op en 4-4-2 baséiert huet. Den neie Moteur fir d'Matcher akzeptéiert all Formatiounen ouni datt Spiller musse repositionéiert ginn. Ee vun den anere Virdeeler war, datt zentral Verteideger manner staark goufe wéi virdrun.

D'Finanzsäit gouf aktualiséiert a méi detailléiert, a Bilane fir d'Saisone sinn och dobäikomm. D'Supportere kruten och grafesch Diagrammer fir de besseren Iwwerbléck. Hattrick huet och eng Partnerschaft mat der bekannter italienescher Sportszeitung Gazzetta dello sport ugefaangen.

Saison 41 (28. Dezember 2009)

Ir d'Saison ugefangen huet, sinn all d'Bot-Ekippen aus der 6. Divisioun a méi déif duerchgereecht ginn an déi ënnescht Divisioun, fir do duerch aktiv Manageren ersat ze ginn, wouduerch d'Competitioun méi interessant gouf. D'Verdeelung vun den normale Chancen huet am Moteur fir d'Matcher geännert, mat exklusive Chancë fir all Ekipp, wouduerch d'Balance verbessert an d'Varianz limitéiert gouf. Dëst huet och erlaabt, datt d'Taktiken konteren a presse besser ze bedénge waren.

Maltesesch, eis 50. Sproochversioun gouf publizéiert, an och d'Säit mat de Systeminformatiounen, wouduerch d'Kommunikatioun däitlech verbessert gouf. D'HFA huet eng ganz nei Generatioun vu Reportere begréisst, déi ëmmer pënktlech fir d'Matcher am Stadion sinn, an um Enn vun der Saison gouf déi nei Opstellungssäit fir d'Jugendekippen getest, a méi spéit och fir d'Profisekippen.

Saison 40 (7. September 2009)

D'Saison 40 war eng zimlech roueg Saison, ouni Changementer am Spill selwer. Mä Hattrick krut endlech déi laang erwaarde Facebook-App, an och eng nei Fansäit op Facebook. D'Leeschtunge sinn aktualiséiert ginn, zesumme mat enger Lëscht vun alle méigleche Leeschtungen. An déi kleng Neierung, wou d'Manager hir Lieblingsveräiner oplëschte kënnen, ass gebuer ginn.

Saison 39 (17. Mee 2009)

Den Effet vum Selbstvertraue an de Matcher gëtt méi schwaach, sou datt d'Verteideger an d'Golkippen well méi liicht Attacke stoppe kënnen. De selwechte Moment goufen d'Match-Bewäertunge méi genee gemaach an den Effet vu Selbstvertrauen, Duercherneen an Zréckzéie gouf komplett visibel.

HT Live gouf kräfteg verbessert, mat Re-Live ass et der elo souguer well méiglech, fir e Match live ze erliewen, och wanns de während dem Match selwer net konns do sinn. Zwou nei Sprooche kommen dobäi: Vietnamesesch a Mazedonesch. D'Verëffentleche vun der mazedonescher Sproochversioun féiert dozou, datt de Sträit tëschent Mazedonien a Griicheland (iwwer den Numm vu Mazedonien) op Hattrick iwwerdroe gëtt. Dono geet et e puer Wochen héich hir an de Fore vun deenen zwee Länner.

Saison 38 (25. Januar 2009)

An dëser Saison sinn déi geplangten Auswiesselunge wierklech als Fonctioun an d'Spill dobäikomm, nodeems se scho laang an de Jugendekippen an an de Frëndschaftsmatcher getest goufen. Mer kënnen och well mat enger neier Spezialtaktik spillen: Wäitschëss.

Um Transfermaart kënnt eng nei Reglementatioun an d'Spill, fir den extremen Handel mat Spiller ze limitéieren. Du kanns e Spiller elo net méi oft op den Transfermaart setzen, wéi e fir deng Ekipp gespillt huet. De selwechten Ament gëtt et och onméiglech gemaach, fir Kader ze hunn, dee méi grouss wéi 50 Mann ass.

Hattrick Supporter gouf och grouss aktualiséiert, woubäi d'Fonctioun fir de Virausbléck op d'Matcher wuel déi gréissten nei Fonctioun ass. Aner Saachen, déi och mat am Pak waren, sinn d'Späichere vu Profiler fir den Transfermaart, d'Bastele vun eegenen Ofkierzungen a virun allem: guer keng traditionell Bannere méi fir d'Supporter.

Oh, a loosse mer mol net de Balls vergiessen. Den 1. Abrëll ass den Hattrick-Assistent Balls an d'Spill dobäikomm an huet behaapt, e wier do, fir ze hëllefen. De Balls war eisen Abrëllsgeck an e gouf nawell zimlech appréciéiert.

Saison 37 (5. Oktober 2008)

Den neien Hattrick-Design gouf der Ëffentlechkeet an der Mëtt vum Dezember presentéiert, ouni Zweifel déi gréissten Ännerung fir eng laang Zäit. Mat dem neien Design gouf et och eng ganz Rëtsch vun neie Fonctiounen, zum Beispill e fuschneie Forum an nei Gesiichter fir d'Spiller. D'Supportere kruten e fantasteschen Uniformsdesigner, mat deem se spille kënnen, a kënne sech elo e Manager-Avatar generéiere loossen.

Den neien Design war sou eng grouss Ännerung, datt ee scho bal déi Saache vergiess huet, déi viru senger Verëffentlechung geschitt sinn. D'Aféierung vun engem Wulldësch fir Frëndschaftsmatcher soll awer net vergiess ginn, an och net, datt d'Benotzer an den ënneschten Divisiounen elo e Kolleg an hir eege Liga invitéiere kënnen.

Mer kruten och eng nei Sichmask fir den Transfermaart, wou een elo an engem Siess de ganze Marché duerchsiche kann an dat net méi Zone fir Zone maache muss. Indirekt Strofstéiss ginn an de Moteur fir d'Matcher integréiert, um Terrain gouf beltxis déi éischt Ekipp, déi den Hattrick Masters zweemol gewanne konnt.

Saison 36 (15. Juni 2008)

Hattrick Press, eis eegen Zeitung, bei där d'Benotzer d'Artikele schreiwen, gëtt verëffentlecht an den interne Mail-System kritt nei Fonctiounen. Indirekt Fräistéiss ginn eng Realitéit an de Frëndschaftsmatcher an d'Spezialtaktik "Attack iwwer d'Säiten" gëtt méi efficace, well e Feeler gefléckt gouf. Mat individuellen Uweisunge gëtt et méiglech, fir Spiller vum Training an enger Fäegkeet auszeschléissen, mä et ass dogéint net méi méiglech, fir zwee Jugendsystemer de selwechten Ament lafen ze hunn.

Uganda an Dhivehi Raajje gi Membere vun der Hattrick-Welt. D'Opfëlle vun de Lige mat neien Ekippen gëtt verbessert, fir d'Compétitioun ënnert de mënschlechen Ekippen ze favoriséieren. Nei Ekippen bleiwe lo net méi "alleng" als eenzeg mënschlech Ekipp vun hirer Liga. Eisen Test-Server Stage gëtt fir 5000 normal Hattrick-Benotzer opgemaach a mat der Verëffentlechung vu Furlan kréie mer déi 45. Sproochversioun.

Saison 35 (24. Februar 2008)

Den neie Moteur fir d'Matcher gëtt elo an alle Matcher benotzt. Den Training baséiert well op d'Minutten, déi e Spiller um Terrain stoung (soss huet et nëmme vun der leschter Positioun ofgehangen, op där e gespillt huet) an d'Fäegkeet Strofstéiss fonctionnéiert elo wéi all déi aner Fäegkeeten (virdrun hunn all d'Spiller aus dem Kader Strofstouss-Training kritt, an d'Fäegkeet hat och keen Afloss op d'Payen). D'Supporter-Erwaardungen - dat wat d'Supportere virun all Match erwaarden - gi verëffentlecht a spillen direkt eng wichteg Roll am Liewe vun alle Manageren. D'Entréesbilljeeë fir d'iwwerdaachte Sëtzplaze gi méi deier a bei bedecktem Himmel a Ree gi méi vun deene Plaze besat. An da kritt och nach d'Heeméquipe an engem Derby e klengen Avantage op de Géigner, wat déi Saisone virdrun net sou war.

De Verkaf vu "Match of the season", dem Hattrick-Brietspill, fänkt un a bei der gréisster Enquête vun allen Zäiten - dem Global Football Monitor - iwwer de Futtball maachen eng 440.000 Leit mat. D'bosnesch Sproochversioun gëtt agefouert an Tanzania an Dawlat Qatar sinn déi nei Länner.

Um Enn vun der Saison ass et méiglech ginn, fir geplangten Auswiesselungen an de Futtballschoulen ze testen.

Saison 34 (4. November 2007)

Méi wéi 75.000 Benotzer sinn am Januar zur selwechter Zäit connectéiert. Den Training gëtt méi schnell op den nidderegen Niveaue vun enger Fäegkeet, mä méi lues op den héijen Niveauen. An deem Sënn ass et dann och, datt den Zerfall vun de Fäegkeeten neierdéngs och vum Niveau vun där Fäegkeet ofhänkt an net méi nëmme vum Alter. En neie Moteur fir d'Matcher (d'Kontributioune vun de Spiller sinn erneiert ginn a Konditioun ass fir all d'Spiller selwecht wichteg) gëtt an de Frëndschaftsmatcher getest, mat dem Zweck, datt méi op Spiller mat ville Fäegkeete gesat gëtt.

An de Futtballschoule ginn et och vill Verbesserungen; d'Spillerfäegkeete schéissen eemoleg an d'Luucht, den Training geet méi schnell, Form a Konditioun bleiwen an Zukunft onverännert um selwechten Niveau, an da ginn et och nach besser Informatioune vum Trainer a vun de Scouten.

Hattrick News, den Hattrick-Newsletter, gëtt fir d'éischt Kéier verschéckt. Eng persesch Sproochversioun gëtt publizéiert a Benin a Suriyah sinn déi nei Länner fir dës Saison.

Saison 33 (15. Juli 2007)

Hattrick feiert säin 10. Gebuertsdag mat der Aféierung vun enger Kalenner- an enger Invitatiounsfonctioun. Doniewent gëtt et och nach en neie Live-Viewer. E bësse méi spéit gëtt och nach eng Fonctioun fir d'Logoen ze bewäerten agefouert an d'Supportere kënne méi Saachen an hir Favoritte stiechen. Ghana, Moçambique, Kampuchea a Brunei sinn déi nei Membere vun der Hattrick-Famill. Friesesch a Lëtzebuergesch sinn déi nei Sproochversiounen.

Konditioun gëtt neierdéngs als Prozentsaz vum ganzen Training trainéiert an ass net méi eng eegen Trainingsaart. Eng Reform vun der Économie am Ufank vun der Saison, d'Payen an d'Käschte fir den Ausbau vum Stadion ginn erofgesat, d'Recetten duerch d'Sponsoren an d'Spectateure ginn eropgesat, ass den éischte Schrëtt, fir d'Économie nees ze normaliséieren. Um Enn vun der Saison klammen d'Präisser um Transfermaart nees, nodeems se vill Saisonen nëmme gefall waren.

Saison 32 (25. Mäerz 2007)

Déi gréissten nei Fonctioun vun allen Zäite gëtt lancéiert: d'Futtballschoul - e Spill am Spill wou s de kanns deng eege Jugendekipp administréieren an deng zukënfteg Star-Spiller betreien. E Mount no der Verëffentlechung ginn et 500.000 Futtballschoulen. Hattrick kritt méi e modernen Design an d'Benotzer kënne bei de Senior GMs, de Chefe vun der GM-Organisatioun, wéinst GM-Décisiounen an den Appel goen.

D'Supporter kréien e relativ grousst Archiv vun den Trainingsrapporte vum Trainer vun hirer Futtballschoul, d'Kommentare vum Trainer gesäit ee well op der Säit vum Spiller. Um Enn vun der Saison ginn individuell Gebuertsdeeg fir d'Spiller agefouert. Virdrun haten d'Spiller all de selwechten Dag Gebuertsdag, um Ufank vun der neier Saison.

Saison 31 (3. Dezember 2006)

Eng alternativ Optioun fir d'Carrière vun engem Manager, d'Leeschtungen, ginn agefouert. D'Sponsore bezuele well méi an d'Primë fir d'Agente gi méi kleng, d'Zënsen op d'Verméigen awer och.

De Pak fir d'Supporter gëtt vergréissert: et gi méi Statistiken iwwer d'Matcher ze kucken. Oman an Al Yaman sinn nei dobäi bei Hattrick an, wéi Wäissrussesch a Baskesch lancéiert waren, ware 40 Sproochversiounen disponibel.

Saison 30 (13. August 2006)

D'Grenz vun den 900.000 Benotzer gëtt dépasséiert. D'Konditioun fänkt un am Laf vun der Saison ze falen an d'Spiller verléieren am Alter net méi sou staark an hire Fäegkeeten, dofir awer méi heefeg. Et ass elo méiglech, datt d'Selbstvertrauen iwwer "wonnerbar" klëmmt an d'Spiller an enger Fäegkeet sou schlecht sinn, datt do "net do" steet. D'Nationalekipp kréien eng ganz Rëtsch vun grafesche Fonctiounen an den Hattrick Masters gëtt op véier Woche verlängert.

Eng drëtt spuenesch Sproochversioun gëtt lancéiert (zentralamerikanescht Spuenesch) a Kirgisesch och. Véier nei Länner sinn dobäi: Al Kuwayt, Angola, Bangladesh a Crna Gora.

Saison 29 (23. Abrëll 2006)

Méi wéi 800.000 Benotzer spillen Hattrick aktiv. Mer kréien en neien Design a op der Opstellungssäit kann ee mat enger praktescher Flash-Animatioun schaffen. Du bezils och well dem Spiller seng Paye an der éischter Woch an dengem Veräin an an de Rapporte vun de Matcher ginn et méi Variatioune bei den Evenementer.

Fir d'Supportere gëtt et vill nei Saachen: Hall of Fame, Uniformsdesigner, méi Favoritten an e Rapport vum Trainer, fir der nëmmen e puer ze nennen. Supportere kréien och eng Kompensatioun, wann d'Serveren net online sinn an dat net virgesi war. Azərbaycan an Al Iraq gi Member vun der Hattrick-Welt an eng global Enquête iwwer d'Spill gëtt gemaach. 200.000 Äntwerte ginn ageschéckt - fantastesch!

Saison 28 (1. Januar 2006)

Tëschent de Saisonen 27 an 28 ginn all Ekippen ouni Manager, déi bis dohin onberéiert bliwwe sinn a Walkovere produzéiert hunn, bis se an déi zweetnidderegst Divisioun komm waren, zu Bot-Ekippen. Den nächste Schrëtt vun der "Ligareform" gëtt um Enn vun der Saison gemaach. Aus dem System vun den Divisioune gëtt eng Pyramid gemaach (wat méi niddereg am System, wat méi Ligen an der Divisioun sinn), amplaz vun engem System, deen enger Fläsch geglach huet, an all d'Bot-Ekippen ginn un d'Enn vun der Pyramid gesat.

D'Resultat ass, datt d'Bot-Ekippen méi schnell ënnen ukommen, an ersat kënne ginn, an net méi vill Saisonen de System blockéieren.

Den Hattrick Masters gëtt fir d'éischt Kéier gespillt, mat engem franséische Vainqueur: dem FC Barentin. Cartoon United, en Hattrick-Comic, gëtt fir d'éischt um Site verëffentlecht an Hattrick fänkt un als Sponsor fir e puer Hattrick-Ekippen aus dem richtege Liewen opzetrieden. Mer begréissen och véier nei Memberen: Bahrain, Barbados, Cabo Verde a Côte d'Ivoire.

Saison 27 (11. September 2005)

An net manner wéi enger Saison kritt Hattrick 100.000 nei Benotzer an domat spille 700.000 Leit Hattrick. D'Hattrick Manager-Lizenz gëtt agefouert, fir datt sech d'Manager am Ufank méi liicht erëmfannen. Eng nei Taktik, "Kreativ spillen", gëtt lancéiert souwéi och d'Méiglechkeet, fir mat "Stiermer no baussen" ze spillen, an och nach eng Zort Training: "Fligelugrëff". De selwechten Ament fänke Stiermer u manner Wäert fir de Stuerm op de Säiten ze hunn, Banden awer dofir méi.

E Landes-Ranking gëtt agefouert an och den Stadion Designer. Dat ass en neie Service fir d'Supportere mat deem ee selwer e Bild vum Stadion bastele kann. Den Handy-Service gëtt interaktiv an erlaabt et zum Beispill, iwwer den Handy Offeren op Spiller ze maachen.

Algérie, Hayastan, Lubnan, Liechtenstein, Mongol Uls a Sénégal sinn nei an där Saison an nei Sproochversioune ginn och agefouert: Koreanesch, Japanesch a Slovenesch. Hattrick kritt och seng eege Wiki.

Saison 26 (22. Mee 2005)

Méi wéi 600.000 Benotzer spillen elo Hattrick. Suriname, Nicaragua, Trinidad & Tobago a Kazakhstan gi Member vun Hattrick. Serbesch, Norwegesch a Slovakesch sinn déi nei Sproochversiounen. De Supporter-Pak gëtt erëm vergréissert, mat Statistiken iwwer d'Favoritten an d'regional Foren.

Saison 25 (30. Januar 2005)

Fir d'éischt Kéier an der Geschicht ass Sverige net méi dat gréisstent Land bei Hattrick, mä España an Nederland hunn elo méi aktiv Benotzer mat engem Veräin. Zwou nei Trainingsaarte ginn agefouert, Passen an d'Déift an Defensivtraining, a Schosstraining ass 25% méi effektiv. Ännerungen an der Formel fir d'Spectateure maachen, datt et manner Fluktuatioune bei der Zuel vun de Spectateure gëtt, well d'Stëmmung vun de Supporteren net méi sou wichteg ass.

D'"Lescht Noriichten" sinn zréck, no iwwer 14 Saisonen, se ware verschwonnen, wéi Hattrick an der Saison 11 en neien Design krut. Al Urdun, Andorra, Sakartvelo a Guatemala. Galizesch gëtt déi 30. Sproochversioun. Den FC Hong Kong setzt eng aner Borne. Et ass déi éischt Ekipp mat méi wéi 100 Milliounen € um Kont.

Saison 24 (10. Oktober 2004)

500.000 Benotzer spillen aktiv Hattrick an dat gëtt mat engem Comic-Bild vun der Hattrick-Welt celebréiert. Dat Bild mécht Zodi a Brasilien, well en Af op där Plaz vun der Welt gemoolt ass (an e puer Deeg méi spéit ersat gëtt).

Déi grouss Noriicht ass awer eng Reform vun der Coupe, 32768 Ekippen kënne well matmaachen, an net méi nëmmen 8192. D'Präisser gi fir d'Spectateuren an d'Luucht an d'Sponsore bezuelen 10% méi. Fir d'Plazéierung an der Liga gëtt et duebel souvill Suen. D'tschechesch Sproochversioun ass nei an och gläich nach sechs nei Länner: El Salvador, Honduras, Kyrgyzstan, Malta, Moldova a Shqipëria.

D'Bild ouni den Af.

Saison 23 (20. Juni 2004)

400.000 Benotzer sinn aktiv bei Hattrick dobäi a 25.000 sinn de selwechten Ament connectéiert. Fir den "Daytrading" an den Eck ze drécken, ginn d'Primen an d'Akommes duerch Transfere geännert, sou datt et manner attraktiv gëtt, fir e Spiller ze kafen an direkt erëm op de Maart ze geheien. Den Transfervergläich an den Total Skill Index (TSI), deen de Maartwäert ersetzt, gi fir all Spiller agefouert a sinn aner Moossname fir all Mënsch e gewëssent Basiswëssen iwwer de Wäert vun engem Spiller ze vermëttelen.

D'Paye vun de Spiller gi geännert, fir sekundär Fäegkeete duerch d'Paye méi wichteg ze maachen. D'Supportere vun de Veräiner ginn nach méi intelligent, all Ekippen kënnen e Konter kréien an engem Match an den Afloss Zoufall gëtt nach méi verklengert an der Relatioun Attack/Verteidegung. D'Bewäertunge vun den Ekippen am Rapport vum Match sinn nëmmen nach hallef sou héich a gi well mat "Ganz niddreg", "niddreg", "héich" a "Ganz héich".

Nei Länner sinn Northern Ireland, Byelarus, Makedonija, Kenya, Panama a Jamaica. Nei Sproochversioune si Kroatesch, Hebräesch, Russesch an Ukrainesch. D'Hattrick Clubhouse ass en neie zousätzleche Service a Supportere kréien ënner anerem verbessert a méi Fonctiounen am Forum.

Saison 22 (29. Februar 2004)

Saudi Arabia, Tounes, Costa Rica, United Arab Emirates, Lëtzebuerg, Iran, Republica Dominicana a Cyprus sinn déi nei Membere vun der Hattrick-Famill. Nei Sproochversioune gëtt et och: Ungaresch, Lettesch, argentinescht (dono südamerikanescht) Spuenesch a Bulgaresch

Saison 21 (9. November 2003)

250.000 aktiv Benotzer si bei Hattrick dobäi! Sechs nei Länner (Paraguay, Ecuador, Bolivia, Nigeria, Al Maghrib, Føroyar) a sechs nei Sproochversiounen (Flämesch, Tierkesch, brasilianescht Portugisesch, Rumänesch, Griichesch a Litauesch) kommen an d'Spill an HT Live ass déi ganz grouss nei Fonctioun.

D'Recetten duerch d'Spectateure ginn ëm 25% erop an d'Weltmeeschterschaft gëtt anescht gespillt. Den éischten Hattrick-Kalenner gëtt am Shop verkaf an iwwer eng Partnerschaft ass et och well méiglech, fir op Hattrick-Matcher ze wetten. D'Dominanz vu Sverige um Terrain ass duerch d'Victoire vun Norge an der Finale vun der Weltmeeschterschaft fir ëmmer a Fro gestallt.

Saison 20 (20. Juli 2003)

D'Spezialtaktike fir d'Matcher ginn agefouert, mä fir den Ufank nëmmen an de Frëndschaftsmatcher vun där Saison, an d'Erfahrung vun de Spiller huet neierdéngs och en Afloss op hir Leeschtung. Den ale System fir en Trainer ze rekrutéiere gëtt geännert. Huet ee bis dohinn 10.000 € bezuelt an dorops en Trainer per Zoufall kritt, kann een elo säin eegene Spiller zum Trainer maachen oder fir en externen Trainer bezuelen, deem seng Fäegkeeten ee ka wielen.

Sechs nei Länner (Lietuva, Slovensko, Ukraina, Bosna i Hercegovina, Vietnam a Pakistan) an dräi nei Sproochversiounen (Polnesch, Portugisesch a Katalanesch) sinn nei. Am Supporter-Pak sinn alternativ Uniformen, méi Statistiken an e puer Fonctioune fir de Forum nei. De Programm fir d'Partnerschaft mat den externen Entwéckler, de CHPP-Proramm, ännert säi Gesiicht, sou datt méi Programmer kënnen erlaabt ginn, mä et kann ee se net méi am Shop kafen.

România packt et als éischt Land fir géint d'schwedesch Nationalekipp an engem Flichtmatch (bei der U-20-WM) ze gewannen a România gewënnt an där Saison och d'U-20-Weltmeeschterschaft.

Saison 19 (30. Mäerz 2003)

D'Zuel vun den aktive Benotzer passéiert d'100.000. D'Zeitunge vun der Communautéit kréien hir eege Plaz fir Artikelen um Site ze annoncéieren (AHP Associated Hattrick Press) an d'Supportere vun enger Ekipp gi méi intelligent, well se mierken, a wéi enger Divisioun de Veräi spillt.

Finnesch gëtt als Sproochversioun am Laf vun der Saison verëffentlecht.

Saison 18 (8. Dezember 2002)

Dräi nei Sprochversioune gi verëffentlecht (Estonesch, Italiéinesch, Dänesch) an et gi véier nei Länner (Bulgaria, Cymru, Israel a Slovenija). Fir mat enger Formatioun Routine ze kréien, dauert net méi sou laang an d'Routine geet och net méi sou schnell verluer.

D'Kompensatioun fir d'Nationalspiller gëtt geännert. Et kritt ee keen Training méi fir e Match mat der Nationalekipp, mä d'HFA bezilt nach ëmmer een Drëttel vun der Paye, wann de Spiller fir säi Land spillt.

Nei am Pak fir d'Supportere sinn Erënnerungen an eng ganz appréciéiert Fonctioun: Banneren déi net méi nei geluede gi bei all Klick. Fir eis Iwwersetzer ass de Präfix LA nei.

Saison 17 (18. August 2002)

D'Saison 17 ass d'Saison vum Gebuertsdag, well Hattrick 5 Joer al gëtt. 60.000 Leit spillen deen Ament Hattrick. Et komme 5 nei Dénominatioune fir d'Fäegkeeten (onheemlech, ausserierdesch, phänomenal, magesch an utopesch) bei déi 15 derbäi, déi et scho gëtt, zwee nei Länner (Hong Kong an Chinese Taipei) an eng hollännesch Sproochversioun.

De "Bam"-System fir de Forum gëtt op den Tipp gehäit an den aktuelle System fir de Forum kënnt amplaz, dozou gehéiert och d'Fonctioun "Kuerze Bléck". D'Transfere kréien en Effet op d'Ekippestëmmung an d'Supportere méi Statistiken, en Notizblock an en Newsletter fir d'Federatiounen. De Präfix "Mod-" gëtt agefouert, fir d'Moderatore vun eisem Forum méi liicht ze erkennen.

Saison 16 (28. Abrëll 2002)

Magyarország, Česká republika, Latvija, Indonesia, Philippines, Eesti, Hellas, Hrvatska a Yugoslavia, dat spéider Srbija i Crna Gora an um Enn dann Srbija gëtt, sinn nei an der Hattrick Famill. Den Handy Service ass elo fir all Benotzer disponibel. Spillergesiichter a Favoritte sinn nei Fonctioune fir d'Supporteren. Déi Manager, déi sech gefrot hunn, wéi de Bob Sunesson géif ausgesinn, hu sech déi Fro och nach weider dierfe stellen, well deem säi Gesiicht mat verschiddene Saache verstoppt gouf.

D'Weltmeeschterschaft hat, bei hiren éischten Editiounen, eng separat Säit mat engem eegene Logo.

D'HFA décidéiert, datt se d'Paye vun den Nationalspiller zu engem Drëttel bezilt, wann de Spiller an där Woch souwuel e Match fir säi Land wéi och fir seng Ekipp gespillt huet. Sverige gewënnt déi éischt U-20-Weltmeeschterschaft, et ass nees keng Iwwerraschung, an den Thomas Ranlind, e schwedesche Golkipp, gëtt den éischte Spiller, deen 10 Stäre mécht. Eng Saison méi spéit gehäit säi schwedesche Besëtzer en eraus.

Saison 15 (6. Januar 2002)

Et kann ee behaapten, datt alles an der Saison 15 geschitt ass. Et huet mat e puer grousse Verëffentlechungen ugefaangen, wéi zum Beispill Spezialevenementer, international Frëndschaftsmatcher, Derbyen an Nationalekippen - eng ganz wichteg Fonctioun fir eng Nationalekipp opzebauen.

Et huet mat der Victoire vu Sverige bei der Weltmeeschterschaft opgehalen (guer keng Iwwerraschung) an engem grousse Pak u Moossname géint eng ekonomesch Kris. Dozou hu méi niddereg Paye vun de Spiller, méi niddereg Primë fir d'Spilleragenten, Primë fir den Opstig, Zënsen a Primë fir den éischten an de leschte Veräi vun engem Spiller gehéiert.

All Ekippen kréien an der Mëtt vun der Saison Sue fir Televisiounsrechter, wat och zum Pak vun de Moossname gehéiert, fir enger Économie op d'Been ze hëllefen, déi sech net selwecht schnell wéi d'Spill entwéckelt huet.

Matten an all deem gëtt d'HT-Ekipp vun 3 op 9 Membere vergréissert, well méi Leit benéidegt gi fir d'Entwécklung vum Spill, fir d'Administratioun, etc. Déi sechs nei Memberen hëllefen op fräiwëlleger Basis, mä e puer Joer méi spéit si se bal all Employéeë vun Extralives.

Saison 14 (16. September 2001)

Hattrick kritt säin eegene Forumssystem, een nom "Bam"-System. D'Communautéit huet domat méi eng natierlech Plaz fir sech ze treffen an ze diskutéieren. Spuenesch a Franséisch ginn als Sproochversioune lancéiert a sechs nei Länner koumen och dobäi: Singapore, Schweiz, Ísland, België, Österreich a Malaysia.

D'Transfersäit gouf erneiert, et ass dowéinst well méiglech, fir no Fäegkeeten ze sichen. D'Ännerunge bei der Ekippestëmmung ginn och well all Dag a klenge Schrëtt duerchgefouert an net méi an enger grousser Aktualiséierung pro Woch.

Den éischten Handy-Service, deen et awer nëmmen a Schwede gëtt, gëtt agefouert an an de Supporter-Pak kommen Trikotsnummeren, Gëllent Buch a Federatiounsforum dobäi. CHPP (Certified Hattrick Product Provider), e Programm fir eng Partnerschaft mat den onofhängegen Entwécklere vun Hattrick-Software gëtt op d'Been gestallt. Et konnt een Hattrick-Produiten am Shop kafen.

Saison 13 (27. Mee 2001)

Hattrick Supporter gëtt verëffentlecht, en zousätzleche Service, deen herno dono responsabel dofir ass, datt Hattrick iwwerlieft a ka weiderentwéckelt ginn.

Fir 15 schwedesch Krounen (SEK, ongeféier 1,5 Euro) pro Mount, kritt een eng Méiglechkeet, fir Favoritten ze späicheren, e puer perséinlech Statistiken an en Noriichtenticker. Méi wichteg ass et awer, datt ee mat Supporter kann d'Spill direkt ënnerstëtzen. Zwee Méint méi spéit gehéieren zu Supporter och d'Veränneren vun den Trikoten, e Regal fir Präisser, Pressecommuniquéen, Logoen, Federatiounen an nach méi Statistiken.

Net manner wéi 23 nei Länner sinn nei bei Hattrick: Oceania, España, Portugal, Polska, România, Chile, Brasil, Türkiye, Colombia, Perú, China, Uruguay, Venezuela, Canada, Rossiya, Prathet Thai, Scotland, Ireland, Nippon, Hanguk, Misr, India a South Africa.

Dem Bob Sunnesson seng groussaarteg Performancen am Déngscht vun Hattrick gi vun der HFA (der Hattrick Football Association) gewierdegt. Hie gëtt eng "integréiert Persoun", dat éischt "Ouschteree" am Spill.

Saison 12 (4. Februar 2001)

Vun där Saison u bleift een och a senger Liga, wann een net op- oder ofsteigt. Virdru war dat net de Fall, well virdrun ënner den Ekippen, déi an enger Divisioun gespillt hunn, gewierfelt gouf, fir déi nei Ligen aus där Divisioun zesummenzestellen.

De wonnerschéine gréngen Hattrick T-Shirt gëtt lancéiert. Et ass déi éischt Saach, déi een am Shop ka kafen.  4 nei Länner si Member vun der Hattrick-Welt ginn: Norge, Danmark, Suomi an Nederland.

Saison 11 (15. Oktober 2000)


No engem Mount offline ass Hattrick zréck, mat engem neien Design a villen neie Fonctiounen. Hattrick ass elo net méi nëmmen a Schweden disponibel, mä och a sechs anere Länner: Argentina, Deutschland, France, England, Italia, España (dat spéider a México ëmgenannt gëtt) an d'USA an d'Spill kann och well op Englesch gespillt ginn. Déi schwedesch Liga gëtt op 10920 Ekippen erweidert, an déi si séier fort.


En alternative Logo aus dem Oktober 2000, deen awer ni benotzt gouf.
Ausser den neie Länner gëtt et nach eng wichteg Noriicht: Hattrick ass elo 24 Stonnen online an alles leeft live - souguer d'Matcher! De System fir d'Bewäertung vun de Spiller ass och fuschnei, hallef a ganz Stäre goufen näämlech agefouert. An da goufen och nach dräi nei Dénominatiounen agefouert fir d'Stäerkte vun de Fäegkeeten (sensationell, iwwernatierlech a gëttlech), sou datt et der vun do u 15 waren.

Um Enn vun der Saison kënnt aus der Talent-Sich vun engem Veräin e Golkipp, de Bob Sunesson an dat am Alter vun 22 Joer. E gëtt dono dee bekannteste Spiller, obwuel "schwaach" an der Fäegkeet "Bande" seng beschte Fäegkeet ass.

Saison 10 (4. Juni 2000)

Dës Saison ass de Leit als déi Saison an Erënnerung an där et nach den alen nostalgeschen Design gouf.

Saison 9 (13. Februar 2000)

D'Communautéit wandert op hir eegen Initiativ hinn bei Passagen aus a wielt Delphi als nei Heemecht, domat gëtt se nach méi staark. E bësse méi spéit gëtt och den éischte Site mat automatesch generéierte Statistike lancéiert, HTSCB, den "Hattrick Central Bureau of Statistics".

Saison 8 (24. Oktober 1999)

Um Enn vun der Saison, um Ufank vum Joer 2000, gouf d'Hattrick-Gesellschaft Extralives gegrënnt. Se huet direkt ugefaangen eng gréisser Aktualiséierung vum Spill viirzebereeden. Um Terrain ass de Sunne IK an d'Geschiichtsbicher komm, als éischt Ekipp, déi den Doublé gewonnen huet.

Saison 7 (3. Juli 1999)

Fir déi éischt Kéier konnt een elo eng aner Formatioun wéi 4-4-2 wielen, well et méiglech ginn ass, fir de Spiller eng aner Positioun um Terrain ze ginn. De selwechten Ament goufen individuell Astellungen agefouert. Domat goufen déi al taktesch Méiglechkeeten "alles-offensiv", "optimistesch", "virsiichteg" an "besonnesch defensiv" iwwerflësseg gemaach.

Saison 6 (14. Mäerz 1999)

An de Geschichstbicher steet fir déi Saison näischt aussergewéinleches.

Saison 5 (15. November 1998)

Wann an där Saison eppes aussergewéinleches passéiert ass, et ass op jidfer Fall net an d'Geschichtsbicher komm.

Saison 4 (26. Juli 1998)

Et war d'Saison vun der Reform vum Training. E ganze Koup un neien Trainingsaarte maachen et méiglech, fir all Spillerfäegkeeten ze trainéieren, net nëmme Konditioun oder Strofstéiss. Als Nieweneffet vum neien Training iwwertrëfft de Per Emilsson als éischte Spiller den héchste méiglechen Niveau vun enger Fäegkeet. Hie gëtt domat den éischten an eenzegen "Hellegen" (dat war eng Valeur, déi et nëmme gouf, fir den onwahrscheinleche Fall, datt engem Spiller seng Spillerfäegkeet iwwer den héchste méiglechen Niveau géif kommen).

Dowéinst ass de System vun de Bewäertungen am Match geännert ginn a mat Ausrufezeeche goufen hannert déi maximal méiglech Bewäertung (“*****”) dobäigesat. De komplette Bewäertungssystem huet dunn esou ausgesinn: 0, H, HH, HHH, *, **, ***, ****, *****, *****!, *****!!, asw.

Saison 3 (5. Abrëll 1998)

Hattrick gëtt op 1704 Ekippen erweidert an d'Divisioun IV gëtt domat agefouert. Déi éischt Coupe gëtt an där Saison gespillt an et si well Frëndschaftsmatcher méiglech. Zakrooch Rooch gewënnt déi éischt Coupe.

Saison 2 (23. November 1997)

Hattrick gëtt op 680 Ekippen erweidert, déi sech op 4 Divisioune verdeelen (d'Allsvenskan an d'Divisiounen I, II an III) a plënnert op d'schwedescht Portal passagen.se. Den opene Maart gëtt agefouert, sou wéi mer en haut nach kennen. Virdrun huet een eng Offer op e Spiller gemaach an, wann de Besëtzer d'Offer akzeptéiert huet, ass de Spiller gewiesselt.

Den éischte Match tëschent zwou Nationalekippen gouf gespillt. Schwede verléiert mat 1:2 géint Dänemark. D'Spiller vun Dänemark waren awer just eng Copie vun de schwedesche Spiller an et huet vill Saisone gedauert, bis Schwede seng Revanche konnt huelen.

Saison 1 (30. August 1997)

Hattrick gouf den 30. August 1997 gebuer. D'Spill war nëmmen op Schwedesch an et huet mat 16 Ekippen ugefaangen. Mat zwou Testligen, A a B, gouf lassgeknäppt an et si 7 Ronne gespillt ginn. De 4-4-2 war déi eenzeg Formatioun, déi konnt benotzt ginn. Als Trainingsaarte konnt een "Allgemeng", "Konditioun" a "Strofstéiss" astellen.

De Site mécht an der Nuecht um 00:30 Auer zou, fir d'Aktualiséierungen duerchzeféieren, d'Transfere fäerdeg ze maachen an d'Matcher spillen ze loossen. Wann de Site nees muerges opgaangen ass, konnt een dann d'Resultater vun de Matcher kucke goen.

Den originale Logo
Den originale Logo
 
Server 070