Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Aféierung fir nei Manager

Dës ass déi kuerz Aféierung zu Hattrick. Am Handbuch gëss de méi gewuer.

Deng Aufgab

Du bass de Manager a fir alles responsabel wat de Club betrëfft. Du plangs d'Taktiken an d'Strategien, du décidéiers wéi trainéiert gëtt a wéi eng Spiller spille sollen. Du keefs a verkeefs Spiller, investéiers a Verbesserunge vum Stadion an hues nach vill aner Saachen um Bockel.


Suen

Sue si wichteg. Sief also virsiichteg, firwat s de se ausgëss. Du bass gutt beroden, wanns de am Ufank net einfach deng Suen aus der Fënster erausgeheie geess, a fir d'éischt emol kucks, wat wichteg ass a wéi d'Suen am beschte benotzt ginn.

Du kriss Suen duerch Matcher, d'Sponsoren, d'Supporter an d'Verkafe vu Spiller. Se gi geholl fir deng Dépensen ze finanzéieren: d'Payë vun de Spiller, d'Personal, d'Maintenance vum Stadion, mä awer och d'Akafë vun neie Spiller an d'Ëmbaue vum Stadion.


Spiller

Huel der Zäit fir deng Spiller an hir Fäegkeete kennenzeléieren. Klick op den Niveau vun de Fäegkeet fir gewuer ze ginn, wéi héich d'Fäegkeet an der Skala ass. Däin Trainer huet der och eng Rëtsch vu Spiller ausgewielt, déi senger Meenung no Schlësselspiller sinn an der hëllefe kënnen, fir en Ufank ze maachen.

Déi meeschte Spiller brauchen e puer Fäegkeeten, mä am Ufank ass et emol virun allem wichteg, fir sech op eng Haaptfäegkeet ze konzentréieren:


Positioun Haaptfäegkeet
Golkipp Golkipp
Verteideger Verteidegung
Zentral Mëttelfeldspiller Spillmaacher
Banden Bande
Stiermer Buteur

Matcher

Eng Saison dauert bei Hattrick 16 Wochen: 14 Woche Championat, eng Woch fir d'Relegatioun an eng Woch ouni Aktivitéit am Championat. D'Championatsmatcher ginn um Wochenenn gespillt, d'Coupe- an d'Frëndschaftsmatcher ginn an der Mëtt vun der Woch gespillt. Wann et eng Saach gëtt, déi s de als Manager maache solls, da sinn dat d'Opstellunge fir d'Matcher.

Denk iwweregens och drun, fir all Woch e Frëndschaftsmatch ze arrangéieren, wanns de net an der Coupe bass. Dat geet relativ schnell, andeems de de Wulldësch fir Frëndschaftsmatcher benotz. Du kanns pro méi Spiller trainéieren, andeems de Frëndschaftsmatcher spills. E Maximum un Training ass wichteg, fir weiderzekommen.


D'Grondlage vun de Matcher

Fir et einfach ze erklären: D'Simulatioun vun de Matcher gëtt an dräi Schrëtt gemaach. An all Halschent vum Match ginn eng gewëssen Zuel un Attacken duerchgefouert:

  • Däi Mëttelfeld an d'Mëttelfeld vun dengem Géigner klappe sech drëm, wien d'Attack kritt. Dat méi staarkt Mëttelfeld huet déi méi grouss Chancë fir d'Attack ze kréien. D'Fäegkeet Spillmaacher ass fir deng Mëttelfeldspiller am wichtegsten.
  • Wann däi Mëttelfeld d'Attack "gewonnen" huet, muss erausfonnt ginn, wéi eng Zort vun Attack et ass (iwwer lénks, riets, d'Mëtt oder via Strofstouss).
  • Deng Attack an deem Beräich gëtt da mat dem Géigner senger Verteidegung an deem Beräich verglach. D'Fäegkeet Buteur ass fir deng Stiermer am wichtegsten, ganz besonnesch fir den zentrale Stuerm. D'Fäegkeet Bande ass eng gutt Saach fir de Stuerm op de Säiten.

Training

Training ass dee wichtegste Wee, fir deng Ekipp ze verbesseren, an et ass och eng gutt Méiglechkeet, fir Suen ze maachen (doriwwer méi ënnendrënner).

Als neie Veräin solls de als Training eng primär Fäegkeet auswielen, wéi zum Beispill Golkipp, Verteidegung, Spillmaacher oder Buteur, an déi Trainingsaart dann och eng Weilchen aushalen, éiers de wiessels.

Den Effekt vum Training gëtt nëmmen eemol pro Woch applizéiert. E Spiller kritt de vollen Training an enger Fäegkeet nëmmen da wann en an där Woch 90 Minutten op enger Plaz gespillt huet, déi fir den Training relevant ass. Wann e méi laang spillt, gëtt doduerch den Training net besser. Fir datt e Spiller vollen Training an der Fäegkeet Spillmaacher kritt, muss hien als zentrale Mëttelfeldspiller spillen. Fir Training an der Fäegkeet Buteur ze kréien, muss en als Stiermer gespillt hunn, a sou weider.


Transfermaart

Du kanns nei Spiller um Transfermaart kafen an et ass och eng gutt Plaz, fir deng eege Spiller ze verkafen. Benotz den "Transfervergläich" fir eng Iddi ze kréien, wéivill e gewësse Spiller normalerweis kascht.


Personal

D'Personal hëlleft der bei der Entwécklung vun dengem Veräin. Co-Trainere sinn ëmmer nëtzlech, well se den Training verbesseren a sollten deng éischt Wal sinn. Desto méi héich de Level vum Personal ass, desto méi eng héich Pai hunn se. Personal mat engem héije Level ke richteg deier sinn, dofir looss d'Fangere weg bis de weess, dass du se brauchs. Am Handbuch gëss de méi iwwer d'Personal gewuer.


Stadion

Den Ament wou s de däi Stadion ausbaue muss kënnt nach. Et wier gutt, ze waarde bis den aktuelle Stadion regelméisseg voll ass. Et virdrun ze maache wier d'Suen zu der Fënster erauszegeheien.


Jugendspiller

Deng eege Jugendspiller ze rekrutéieren ass eng interessant Méiglechkeet, fir nei Spiller fir deng Ekipp ze rekrutéieren, mä et ass mat e puer Käschte verbonnen. Dowéinst rode mer der, fir d'éischt d'Spill besser ze verstoen, sou datt s de keng Suen aus der Fënster erauspuchs.


Strategie fir den Opbau vun der Ekipp

Fir eng nei Ekipp, ass et eng gutt Strategie, fir un d'Zukunft ze denken, amplaz un d'Géigewaart. D'Zukunft gehéiert de jonke Spiller. Däi Veräin op hinnen opzebauen ass also eng gutt Saach. Heiansdo ass een och gutt beroden, fir déi beschte Spiller ze verkafen, sou datt Suen do sinn, fir méi jonk Talenter anzekafen.

Konzentréier dech op den Training a bau een Deel vun der Ekipp nom aneren op. Am Championat sollten deng beschte Spiller spillen a kaf dono e puer Spiller, déi trainéiert gi sollen, fir se an de Frëndschaftsmatcher spillen ze loossen, sou datt se Training kréien. Déi sougenannten "Traineeën" si jonk Spiller, déi passabel oder staark sinn an der Fäegkeet, déi trainéiert gëtt. Et ass den Ufank vun denger Carrière an deemno ass et net schlecht, fir Traineeën ze hunn, déi och an de Championatsmatcher spille kënnen, wann s de der se leeschte kanns. Déi Spiller kënne spéider, wann hir Fäegkeete sech ëm e puer Niveaue verbessert hunn fir (hoffentlech) e méi héije Präiss wéi den Akafspräiss verkaf ginn - wouduerch s de u Sue kënns, déi der beim Opbau vun der Ekipp hëllefen.

Benotz déi richteg Formatiounen, fir e maximale Profit aus de Frëndschaftsmatcher ze zéien. Wanns de zum Beispill Buteur trainéiers, solls de op d'mannst eemol an der Woch eng Formatioun spillen, mat där dräi Spiller kënnen trainéiert ginn - doduerch kréien näämlech da méi Spiller Training an där Fäegkeet. Wanns de zum Beispill Verteidegung trainéiers, ass eng Formatioun mat 5 Verteideger eng gutt Saach.


 
Server 071