Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Hattrick Footballmanager | Gëff Member vun der fräier Hattrick-Welt 

Happy Birthday Hattrick!



D'Geschicht vun Hattrick
E Spill fir d'Éiwegkeet
Mat 20 Joer onënnerbrachener Geschicht ass Hattrick dat eenzegt Spill wat Manager hiren eegene Veräin opbaue léisst fir sech da mat Manager ronderëm déi ganz Welt moossen ze loossen.

Hattrick ass gratis a war et schonn ëmmer!

Kuck dir eis Geschicht bis elo un!
Gebuert (1997)
Hattrick ass den 30. August 1997 gebuer. D'Spill gëtt et just a Schwedesch a fänkt als Test mat 16 Equipen un fir dann am November op 680 Equipen erweidert ze ginn.
Kultspill (1999)
Hattrick gëtt séier e Kultspill ënner de schwedeschen Useren an erreecht d'Kapazitéitsgränz vun 2728 Benotzer. D'Waardezäit fir eng Equipe ze kréien erreecht ee Joer!
Gëtt global! (2000)
No engem Mount vum Netz ass Hattrick zeréck mat engem neien Design an enger Rei vu neie Funktiounen. Hattrick ass net méi just a Schweden erreechbar - du kanns et elo och an Englesch spillen a nei Ligen ginn op.
Meilesteng
Hattrick feiert 2003 seng 5 Joer a kënnt op 60 000 Benotzer weltwäit.

Schon am nächste Joer ginn d'Meilesteng vun 100 000 an 250 000 Benotzer iwwerschratt!

Mam 10. Gebuertsdag 2007 spillen iwwer 900 000 Benotzer weltwäit Hattrick.
D'Community
Een Haaptgrond fir de Wuestëm vun Hattrick ass déi ongleeflech Community, déi d'Spill an iwwer 50 Sproochen iwwersat huet. Eis Forume gi mat déi aktiivsten am ganzen Internet, wou Benotzer iwwer d'Hattrick Nationaléquipen, Training Strategien oder just iwwer d'Welt selwer diskutéieren.
Gëtt mobil
Ëmmer trei zu eise Web Originen liewen méi a méi Benotzer duerch hir Smartphonen. Déi éischt iPhone App brénge mir am fréien 2012 eraus, ir eng iwwerarbecht fir iOS an Android 2014 eraus kënnt.

Haut spillen ongeféier 50 % vun den Hattrick Benotzer iwwer hir Handyen oder Tablets!
 
Rate this page
Server 096