Mer benotze Cookien - Se hëllefen eis, fir däin Hattrick-Erliefnes ze verbesseren.
Andeems de eise Site benotz, akzeptéiers de datt mer Cookien op dengem Apparat setzen an drop zougräifen.

Partner

Popmundo Battrick
Bei Popmundo spills de en zukënftege Star vun der Museksindustrie. Fann däi Stil, grënn eng Band a rees duerch d'Welt an dëser lieweger Communautéit vun engem Rollespill, mat méi wéi 300.000 Matspiller!

Dëst Spill ass souzesoen d'Schwësterspill vun Hattrick a gëtt vun deene selwechte Leit vun Extralives AB aus Schweden entwéckelt, déi och Hattrick um Ufank matentwéckelt hunn. Sou wéi bei Hattrick, schléift och d'Welt vu Popmundo ni - et leeft ëmmer iergendwou e Concert, et gëtt ëmmer en neit Lidd fir opzehuelen, ëmmer ass e Flirt op enger Backstage-Party méiglech. All Persounen, op déi der trefft, si vu Mënsche gesteiert.

Popmundo ass e Spill mat vill Déift an dach fir de Geleeënheetsspiller gëeegent. Et ass ganz gutt méiglech, fir sech nëmmen e puer mol an der Woch ze connectéieren an awer uewen an den Charts ze stoen. Eng vun deene beschte Saachen un deem Spill ass, datt et kee richtegt Enn huet. Wann der däin éiergäizege Liewensstil ze langweileg gëtt, kanns de vill aner Saache maachen - du kanns Privatdetektiv ginn, eng Immobiliefirma opbauen oder der en Heem sichen an eng Famill grënnen.

Battrick.org ass e groussaartegt Cricket-Managerspill, ganz an der Traditioun vun Hattrick. Et ass dat perfekt Spill fir all déi, déi Cricket gären hunn, an e grousse Spaass fir all déi, déi wësse wëllen, wourëms et do iwwerhaapt geet. Mer kënnen iech certifiéieren, datt een zimlech séier vun deem Spill ofhängeg gëtt.

Du gëss Patron vun engem Cricket-Club, trainéiers Spiller a méchs bei Compétitioune mat, déi een Dag oder e puer Deeg dauere kënnen. Et gëtt souguer eng international Coupe, bei där ee kann dobäi sinn, an eng Weltmeeschterschaft fir Nationalekippen. D'Communautéit ass ëmmer frëndlech an hëlleft gären.

Battrick ass eng Kollaboratioun tëschent dem between Allan Fairlie-Clarke, engem Hattrick-Benotzer a fréiere Moderator, an der Hattrick-Ekipp.
 
Server 070