Iwwer Hattrick
Hattrick huet d'Féierungsroll ënnert de Futtballmanager-Spiller um Internet - et ass gratis an honnertdausende vu Benotzer aus allen Enner vun der Welt spillen et.
Bei Hattrick hues du däin eegene Veräin, baus d'Équipe op, a spills géint aner Matspiller. Du brauchs net vill Zäit ze investéieren, fir ze gewannen - déi richteg Strategie ze hunn ass de Schlëssel.
D'Gréisst an d'Stäerkt vun der Hattrick-Communautéit si legendär. Vergiess net fir eis ganz lieweg Foren ze besichen oder de Räichtum vun den Initiativen ze bewonneren, déi vun eise Benotzer ausginn a sech ronderëm d'Spill dréien, vu lokalen Treffe bis zu flotte Programmer fir d'Hattrick-Liewen ze erliichteren.
Hattrick gouf am Joer 1997 gegrënnt a gehéiert Hattrick Europe Limited. Als Entwéckler si mer stolz op eis Traditioun vun der staarker Zesummenaarbecht mat eise Benotzer. Mer sinn dovun iwwerzeegt, datt dat eis gehollef huet, fir dat gréisstent a faszinéierendstent Futtballmanager-Spill um Internet ze ginn.
Hattrick kann absolut gratis, an och dann ëmmer nach fair, gespillt ginn. Ma du kanns dech awer dofir entscheeden, fir Supporter ze ginn an doduerch e puer zousätzlech Fonctioune genéissen ze kënnen.